Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Xavier Bettel no Bipartite: 5 Index-Tranchë bannent 10 Méint net ausgeschloss

D'Pressekonferenz ass mat engem klenge Retard ugaangen - d'Patronat souz 2,5 Stonnen mat der Regierung beieneen - d'Gewerkschaften du knapp zwou Stonnen.

De Staatsminister ass eleng virun d'Press getrueden - also do keng offiziell Reaktioune vum Patronat oder Syndicat, déi eebe just kuerz Aussoe virun den RTL-Mikroen an de Journaliste gemaach hunn.

De Premier huet lo viru Minutte vu konstruktive Gespréicher geschwat, woubäi et wuel éischter eng Presentatioun vun de Bilaterale war an datt lo jiddereen déi selwecht Donnéeën a Statistiken am Grapp hätt.

De Statec schwätzt an egal wéi engem vun den 3 Zenarie vun enger ganz kloer héijer Inflatioun, déi am schlëmmste Fall mat sech bréngt, datt bannent den nächsten 10 Méint bis zu 4 Index-Tranchë wäerten erfalen. Do derbäi kënnt egal wéi eng verréckelt Index-Tranche vun 2,5%, déi jo d'nächst Joer am Juni ausbezuelt gëtt.

Schonn en Donneschdeg de Mëtteg kënnt de Regierungsrot beieneen, fir festzeleeën, wou d'Rees an der Tripartite hi geet. De Staatsminister huet dann och e klore perséinleche Message matgedeelt.

Mënsche musse Gehéier fannen - Xavier Bettel

An deem Sënn freet de Xavier Bettel, datt d'Tripartite vun e Sonndeg un an engem oppenen, konstruktivem a solidaresche Geescht ofleeft, an datt se och bis allerspéitstens Ugangs Oktober zu Conclusioune kënnt.

Méiglecherweis wier och mat weideren Tripartitten ze rechnen, well d'Situatioun eescht wier a Betriber a Stéit elo Hëllefe bräichten. Egal wéi wier den Tripartites-Accord vum Mäerz fir d'Poubelle a géif der aktueller Situatioun net méi gerecht ginn.

Dem Staatsminister no dierft keng Léisung an den Diskussiounen tëscht den 3 Partner ausgeschloss ginn, kloer wier awer, datt d'Indextranchen, déi lo erfale wäerten, net d'office wäerte geréckelt ginn.

Et wier eng exzeptionell Kris mat enger Inflatioun, déi et zanter 4 Joerzéngten net méi am Land gouf. An dëser ongewësser Zäit missten d'Leit rassuréiert ginn - keen dierft hänke gelooss ginn.

De Staat ass dann och bereet, fir entspriechend Suen an de Grapp ze huelen. Op Nofro hin, wollt de liberale Premier awer kee Chiffer nennen. Spuerfetischist wier d'Regierung allemol net. Egal wéi misst um Triple-A a Saache Bonitéit vun der Lëtzebuerger Finanzplaz festgehalen ginn, sou nach de Premier.