Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zeienopruff: Abroch e Freideg géint 10 Auer an en Haus zu Réiser an der Rue de l'Alzette

RTL

Een Täter huet sech Zougang zum Haus verschaaft, wärend den aneren an engem klengen hellgroen Auto mat franséische Placke virum Haus gewaart huet.

Et war en eelere Modell. Nodeems de Chauffer zu engem gewëssen Ament getut huet, ass den Abriecher aus dem Haus komm a béid hu sech am goen Auto dervu gemaach. Wouhin ass net gewosst.

An deem Zesummenhang sicht d'Police no eventuellen Zeien, déi Informatiounen zu den Täter oder dem Fluchtauto kéinte ginn. All nëtzlech Informatioune si fir d'Police Réiserbann um Telefon (+352) 244 61 1000 oder via E-Mail op [email protected].