Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zeienopruff: Hond vun anerem Hond zu Beetebuerg ugegraff a blesséiert

RTL

© RTL Grafik

Den 18. November war eng Fra géint 07.35 Auer moies mat hiren Hënn an der Route de Peppange zu Beetebuerg ënnerwee.

Dobäi gouf ee vun den Hënn, vum Mupp vun enger anerer Fra, déi deen Ament och där Plaz ënnerwee war, ugegraff.

An dësem Zesummenhang sicht d'Police no Zeien. Ënner anerem ass eng Fra, déi deen Ament mat hire Kanner an der Route de Peppange ënnerwee war, gebieden, sech bei der Police ze mellen. Si an all aner Persoun, déi Informatiounen zum Tëschefall huet, soll sech beim Policekommissariat Réiserbann ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 61 1000 oder via d'Mailadress "[email protected]".