Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zeienopruff: Iwwerfall op eng Tankstell zu Diddeleng

Géint 23.35 Auer en Donneschdeg den Owend gouf an der Route de Luxembourg zu Diddeleng eng Tankstell iwwerfall.

Wéi d'Police mellt, hätten zwou Persounen d'Ugestallte vun der Bensinnsstatioun mat enger Waff menacéiert a Sue geklaut. Duerno wiere si zu Fouss an eng onbekannte Richtung fortgelaf. D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet, konnt d'Täter bis ewell awer nach net ermëttelen.
D'Waff, déi d'Täter an der Tankstell zeréckgelooss haten, gouf séchergestallt. Et huet sech erausgestallt, dass et keng richteg Waff war.

D'Police geet den Ament dovun aus, dass d'Täter hiren Auto virum Iwwerfall an der Géigend vun der Tankstatioun geparkt haten. Méiglech Zeien, deenen tëscht 23.15 Auer en Donneschdeg den Owend an 00.15 Auer e Freideg de Moien an der Géigend vun der Tankstell respektiv tëscht der Route de Luxembourg an der Rue du Nord verdächteg Persounen opgefall sinn, si gebiede sech bei der Diddelenger Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 69 1000 oder via d'Mailadress "[email protected]".

Ee vun den Täter war schwaarz ugedoen an hat eng Kagull un. Deen zweeten Täter hat eng blo Jeansbox an eng blo Jackett un. Säi Gesiicht hat hie mat engem groe Schal vermummt. Allebéid hu Franséisch geschwat.