Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zeienopruff no Abroch zu Munneref: Persoune klaue Wäertgéigestänn aus Auto beim Casino

RTL

© Police

D'Police mécht en Zeienopruff wéinst engem Auto, an dee virun engem Mount zu Munneref agebrach gouf.

Den 3. November géint 16.13 Auer hunn 2 bis ewell Onbekannter ënnert anerem e Laptop, AirPods an eng Jackett aus engem Auto geklaut, deen um Parking vum Casino 2000 stoung.

D'Männer goufen awer vun enger Iwwerwaachungskamera erfaasst. D'Police mellt, dass d'Persounen, déi op de Biller ze gesi sinn, aus dem franséische Grenzgebitt komme kéinten. Wann een d'Persounen erëm erkennt soll e sech bei der Police vu Réimech a Munneref mellen, dat um (+352) 244 77 1000 oder iwwer Mail op [email protected].