Police / © Archivbild
An der Nuecht vun e Méindeg (19.9.22) op en Dënschdeg (20.9.22) goufen zu Bouneweg eng Partie Autoe beschiedegt, déi do geparkt waren.
Déi ronn 20 Gefierer, déi an der Rue des Romains, der Rue Jules Fischer, der Rue Xavier de Feller, der Rue Jean-François Gangler an an der Rue Pierre Krier geparkt waren, goufen duerch eng oder méi Persounen zerkraazt.
D'Police sicht an dësem Zesummenhang no Zeien. Leit, déi Informatiounen iwwert d'Dot hunn oder Verdächteges am Laf vun der Nuecht gesinn hunn, solle sech bei de Police vu Bouneweg mellen. Dat entweder ënnert der Telefonsnummer +352244421000 oder per E-Mail u [email protected].