Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zodi an der Stad an zu Ettelbréck: 2 Männer hunn d'Nuecht missen um Policebüro verbréngen

D'Police huet e Méindeg den Owend direkt zwee Mol missen op en Asaz, well sech Persounen de Batti gestallt hunn - eemol zu Ettelbréck an eemol an der Stad.

Géint 19 Auer e Méindeg goufen d'Beamten op d'Place de la Gare zu Ettelbréck geruff, well eng Persoun d'Dier vum Openthaltsraum vun der Gare an en Auto beschiedegt huet. Op der Plaz ukomm, war den alkoholiséierte Mann amgaangen, d'Zuchpersonal a Passanten unzepöbelen. Well hie sech net berouege wollt loossen, krut hien Handschellen ugedoen. Doropshi huet hien ugefaangen d'Beamten ze menacéieren an ze beleidegen. Well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien iwwer d'Nuecht an de Passagearrest.

An der Stad an der Rue des Muguets gouf géint 22 Auer e Mann gemellt, dee Fläschen op geparkten Autoe geheit huet an an ëmmer rëm an d'Strooss gelaf ass. Well de Mann d'Beamten op der Plaz beleidegt huet a si kierperlech ugoe wollt, gouf hien immobiliséiert an huet missen no enger medezinescher Kontroll d'Nuecht um Policebüro verbréngen.

Eng weider alkoholiséiert Persoun gouf géint 20 Auer zu Beggen gemellt, well dës an engem Bus an der Rue de Beggen randaléiert huet. Och hien huet missen immobiliséiert ginn, nodeems hie sech kierperlech dogéint gewiert huet, aus dem Bus ze klammen. E Protokoll wéinst Rebellioun géint Beamte gouf erstallt.