Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zu Kiew: EU-Ukrain-Sommet e Freideg

Nieft engem méiglechen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain wäert et um Sommet ëm déi russesch Invasioun an ëm weider Sanktioune goen.

Zu Kiew kommen e Freideg d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de permanente Rotspresident Chareles Michel mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj am Kader vun engem sougenannten EU-Ukrain-Sommet zesummen. Dobäi geet et ënnert anerem ëm den ukraineschen EU-Bäitrëtt.
De President Selenskyj huet en Donneschdeg betount, säi Land géif et verdéngen, datt d'Bäitrëttsverhandlungen nach dëst Joer géifen ufänken. D'Ukrain ass zanter Juni zejoert offiziell Bäitrëttskandidat. Aner Sujeten um Sommet sinn d'Reaktioun vun der EU op de russeschen Ugrëffskrich an déi weltwäit Ernierungssécherheet. D'Kommissiounspresidentin von der Leyen war schonn en Donneschdeg mat 15 anere Membere vun der Kommissioun an der ukrainescher Haaptstad ukomm an hat do nach fir dëse Mount nei Sanktiounen géint Russland annoncéiert.