Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zu Lëtzebuerg feelt et un Educateuren: D'Kritik: Ufuerderunge ginn ëmmer méi héich, keng Zukunftsperspektiv fir Jonker

Rezent goufe vum Educatiounsministère Reformen decidéiert. Dës ginn och begréisst, d'Apeg fënnt awer, d'Reforme wieren iwwerstierzt.

Zu Lëtzebuerg feelt et un Educateuren, an dat obwuel all Joers jonk Leit frësch aus der Schoul bäikommen. D'Ufuerderunge ginn ëmmer méi héich an d'Fluktuatioun am Beruff ass grouss, kritiséiere Leit aus dem Secteur. Fir vill Jonker bitt de Beruff keng Zukunftsperspektiv. Doduerch, dass d'Maison-relaisen elo gratis gi sinn, kéint sech d'Situatioun nach weider uspanen, gëtt gefaart. D'Strukture rechne mat méi Kanner oder dass dës méi laang bleiwe wäerten. Méi Personal gëtt et heifir awer net.

D'Sabrina Backes huet mat Concernéierte geschwat.

Doleancë vun den Educateuren / Reportage vum Sabrina Backes

Zënter 2005 ass de Marc Thill Educateur. Säi Beruff huet hien ëmmer gär gemaach. Zënter dem Ausbroch vun der Pandemie mierkt hien awer, dass de Beruff mat ëmmer méi Ufuerderunge verbonnen ass.

De Marc Thill: "Mir musse méi maachen, mee et feelen eis awer Stonnen. Mir hu virun allem kleng Stonnekontrakter, dat heescht 20-25 Stonnen an, an där Zäit soll eng Virbereedung gemaach ginn. Dat heescht, wa mer lo pro Woch 5 Stonne Virbereedung bei 20 Stonnen hunn, da bleiwen eis nach 15 Stonne pedagogesch Aarbecht. Dat geet definitiv net duer."

Jonk Leit, déi sech wéilten eng Existenz opbauen, géingen dës kuerz Aarbechtszäiten awer net zefridde stellen.

"Si kommen, jo si si frou, dass se eng Aarbecht fannen a se schaffen och ganz gutt. Mee no engem Joer, wa se d'Méiglechkeet hunn, an engem anere Beräich kënnen ze schaffen, da si se fort. An dee permanente Personalwiessel, deen ass net gutt fir d'Haus an net fir d'Kanner. Kanner brauchen eng Bezuchspersoun."

Och allgemeng wier et schwéier, fir de Besoine vun de Kanner kënnen nozegoen. Dëst well een Educateur op ganzer 11 gréisser Kanner, respektiv 8 méi klenge Kanner oppasse misst.

Rezent goufe vum Educatiounsministère Reformen decidéiert, ënner anerem, dass d'Maison-relaisen elo gratis sinn. Souwuel den Educateur Marc Thill wéi och d'Apeg, dem Beruffsverband vun de Sozialpedagogen, begréissen, dass d'Bildung gratis ass. De Beruffsverband fënnt awer, datt dës Reformen iwwerstierzt sinn.

Paul Bressler, President vun der Apeg: "Lo ass et awer sou, fir sou eppes anzeféieren, wann d'Strukturen nach net prett sinn an net genuch Personal do ass, an enger Situatioun, wou mer net genau wëssen, wéi den Hierscht dëst Joer gëtt, och wéinst Corona, ass dat natierlech och e bësse gewot an eventuell och iwwerstierzt."

De Beruffsverband vun de Sozialpedagogen hätt sech hei méi Preparatiounen erhofft.

"Mir musse kucken, dass d'Strukturen dofir prett sinn. An net ze vill Kanner pro Struktur. Keng Strukture bauen, wou 300 bis 400 Kanner eraginn a wa se dat ubidden, da muss ee sech Gedanke maachen, wéi een dat organiséiere soll, fir de Stresspeegel bei de Kanner niddreg ze halen."

Viraussetzung fir Verännerunge wieren awer ëmmer och, datt de Beruff vum Educateur erëm méi attraktiv gëtt. D'Apeg wënscht sech hei ënner anerem e vereinfachten Accès op Formatiounen.