Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zu Madrid: Mataarbechter vun ukrainescher Ambassade duerch Bréifbomm blesséiert

Zu Madrid gouf e Mataarbechter vun der ukrainescher Ambassade liicht blesséiert, wéi eng Bréifbomm a sengen Hänn explodéiert ass.

Dat sot eng Source bei der Police der franséischer Noriichtenagence AFP. "Déi national Police gouf géint 1 Auer iwwert eng Explosioun an der ukrainescher Ambassade zu Madrid informéiert. Et ass geschitt, wou e Mataarbechter de Bréif an der Hand hat", huet et vun der Source geheescht. De Blesséierte wier selwer an d'Klinik gaangen. Déi national Police hätt antëscht eng Enquête lancéiert, un där ënnert anerem och eng forensesch Equipe bedeelegt wier, heescht et bei der Afp. Ronderëm d'Ambassade an engem Wunnquartier am Norde vu Madrid ass den Ament ee Sécherheetsperimeter opgeriicht.