Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zu Waasserbëllegerbréck: Zwee Männer un Däitschland ausgeliwwert

Een 31 an ee 40 Joer ale Mann sinn e Méindeg vu Lëtzebuerg un Däitschland ausgeliwwert ginn. Déi zwee Däitsch goufe vun der Justiz gesicht.

Zu Waasserbëllegerbréck sinn e Méindeg zwee Männer vun de Lëtzebuerger Autoritéiten un Däitschland ausgeliwwert ginn. Een 31 Joer ale Mann gouf mat engem Mandat d'arrêt vum Parquet vu Saarbrécken gesicht. Hie war zu enger Prisongsstrof vun engem Joer an zwee Méint verurteelt ginn, well hien 2014 eng Fra an d'Gesiicht geschloen hat wéi en hire Rucksack klaue wollt. Ee 40 Joer ale Mann ass ugeklot, well hie bei engem Abroch an ee Méifamilljenhaus  zu Oberhausen derbäi gewiescht soll sinn. Dobäi goufen eng héichwäerteg Posch, eng gëlle Ketten an 32.000 Euro Boergeld geklaut. Déi zwee Männer, déi allebéid déi däitsch Nationalitéit hunn, goufen an de Prisong vun Tréier bruecht.