Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zuchlinn 10 weider blockéiert: Weider Ressourcë fir ëffentlechen Transport am Norden ze verbesseren

Vum 3. Oktober u kënnt eng weider Buslinn an den Asaz, fir den Transport tëscht Ettelbréck, Wëlwerwolz, Draufelt, Clierf an Ëlwen z'assuréieren.

Nodeems den Zuchtunnel Schieburg Enn August zum Deel agefall ass, fiert keen Zuch méi wäit wéi bis op Kautebaach. Et kommen zanterhier Busser an den Asaz, fir de Verloscht vun den Zich ze kompenséieren. Et gouf allerdéngs zimmlech séier kloer, dass d'Unzuel vun den agesate Busser net optimal ass, dofir reagéieren d'CFL elo a si konnten nei Ressourcë mobiliséieren, fir weider Bussen anzesetzen.

Déi nei Verbindungen, déi vum 3. Oktober un ugebuede ginn, fueren dann am Stonnentakt a béid Richtungen, tëscht Ettelbréck, Wëlwerwolz, Draufelt, Clierf an Ëlwen. Den Trajet tëscht Ettelbréck a Clierf gëtt mat 49 Minutte berechent. Dee Bus hält och op der Gare zu Ëlwen.

PDF: Alternativ Bus-Verbindungen

Zanter dem 12. September fiert och schonn en direkte Bus tëscht Ettelbréck a Clierf, deen 42 Minutte brauch an och all Stonn fiert.

De Bus tëscht Kautebaach, Wëlwerwolz, Draufelt a Clierf brauch 34 Minutten.

Den Detail vun de Fuerpläng vun den Ersatzbusser fannt Dir op www.cfl.lu.