Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zuel vun den Affer kéint nach klammen: Op d'mannst 12 Doudeger no Hurrikan "Ian" a Florida

D'Autoritéite gi vun weideren Affer aus, déi bei de Botz- an Opraumarbechte wäerte fonnt ginn.

Op mannst 12 Doudeger - dat ass de Bilan nom Passage vum Hurrikan "Ian" a Florida. Och de Materialschued ass grouss. Gebaier, Stroossen an Deeler vun der Strouminfrastruktur goufen zerstéiert an d'Opraumaarbechte lafen deemno op Héichtouren.

Den Hurrikan soll ee vun de stäerkste Stierm sinn, déi d'US-Küst jeemools erreecht hunn. Wéi vill Leit tatsächlech ëm d'Liewe koumen, kéint een den Ament nach net aschätzen, esou de republikanesche Gouverneur vu Florida, Ron DeSantis.

An de Stied Fort Myers an Naples stounge ganz Véierel ënnerwaasser, Leit goufe plazeweis mat Helikopteren a Booter gerett. De President Joe Biden huet en Donneschdeg gewarnt, et kéint sech ëm den "déidlechsten Hurrikan an der Geschicht vu Florida" handelen.

De Stuerm war mat bis zu 240 Kilometer an der Stonn un der Westküst vu Florida ukomm, huet sech dunn awer berouegt. Elo ass en an Direktioun Georgia a South - an North-Carolina ënnerwee. Et gëtt gefaart, datt en nees zu engem Hurrikan gëtt.