Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zweeten Dag vum Hearing: Um Mëttwoch kënnen d'Memberen aus dem Klimabiergerrot hir Iddie virstellen

Eng 7 Méint hat de Klimabiergerrot Zäit, fir sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi een de Kampf géint de Klimawandel zu Lëtzebuerg kéint intensivéieren.

En huet 56 konkret Propositioune gemaach an déi ginn den Ablack an der Chamber diskutéiert. E Mëttwoch ass den zweeten Dag vum Hearing, an deem d'Memberen aus dem Klimabiergerrot hier Iddie virstellen an d'Deputéiert Froe kënne stellen.
D'Deputéiert hate vill Froen. Virop och iwwert d'Manéier, wéi de Klimabiergerrot konnt schaffen.

D'Myriam Cecchetti vun déi Lénk, wéi et ëm d'Agrikultur goung:
"Ech hu mer d'Fro gestallt, ob der Zäit genuch hat, mat Leit ze schwätzen, déi am Secteur schaffen. Zum Beispill mat de Jongbaueren. War déi Zäit do?"

D'Martine Hansen vun der CSV an de Marc Goergen vun de Piraten haten ënnert anerem Froen zu de Propositiounen aus dem Beräich Agrikultur.

D'Martine Hansen: "An äre Propositioune geet et och drëms, datt mer manner Béischten halen. Wat maacht der mam Gréngland?"

De Marc Goergen: "D'Propositioun 10 huet mer éischter net sou gutt gefall. Do wëll der d'Juegd facilitéieren. wat hutt der iech do virgestallt?"

D'Memberen aus dem Klimabiergerrot hunn 3 Stonnen op Froe geäntwert an hir Iddien explizéiert. Zum Beispill bei der Fuerderung no engem legale Kader fir alternativ Wunnformen.

De Grégory Molitor aus dem Klimabiergerrot:

"Et kann net sinn, datt mir zum Beispill Tiny Haiser verbidden, obwuel déi manner Ressourcë verbrauchen, manner Baumaterial, manner Energie fir ze hëtzen a manner Waasser consomméieren."

Aner Sujete waren zum Beispill méi Ënnerstëtzung, fir alles wat Secondhand ass, eng Klimaauer um Findel an  e bessert Bewosstsinn fir d'Ernärung.

D'Clara Feypel aus dem Klimabiergerrot:

"Nieft dem Fléien ass wéi s de ëss wichteg. Ob s de Vegetarier bass oder Fleesch a Fësch ëss oder souguer Veganer. Däin CO2-Foussofdrock halbéiert sech doduerch."

De Klimabiergerrot huet och ënnerstrach, datt een dringend elo eppes géint d'Klimakatastroph misst ënnerhuelen, well mir géifen elo schonn deenen nächste Generatiounen irreparabel Schied hannerloossen.