Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am Norde vum Irak: Archeologe gruewen 2.700 Joe al Skulptur vun assyrescher Gottheet aus

Archeologen hunn am Irak eng spektakulär Decouverte gemaach a bei Ausgruewungen eng bal komplett intakt Skulptur vun enger assyrescher Gottheet fonnt.

Et handelt sech bei der Skulptur ëm ee sougenannten "lamassu", eng Kreatur mat mënschlechem Kapp, engem Kierper vun engem Stéier, a Flilleken. D'Schutz-Gottheet ass ronn 3,8 op 3,9 Meter grouss. Dem Leader vum Projet, dem Pascal Butterlin vun der Sorbonne-Universitéit zu Paräis no, ass et déi gréissten Decouverte, déi hie jee gemaach huet. Normalerweis géif et esou eppes just an Ägypten oder am Kambodscha ginn.

De Schutz-Dämon ass eng 2.700 Joer al a ronn 18 Tonne schwéier a stoung virun de Stad-Diere vun der anticker Metropol Chorsabad, déi eng 15 Kilometer nërdlech vun der haiteger Stad Mossul läit. Déi antik Stad Chorsabad war ënnert dem assyresche Kinnek Sargon II als nei Haaptstad gebaut ginn, kuerz nodeems hien am Joer 721 viru Christus op den Troun koum.

Dem Butterlin no feelt just de Kapp vum Iamassu. Dee war an den 90er Jore geklaut ginn, ier d'Douanieren e bei Schmuggler saiséiert hunn. Haut ass en Deel vun der Sammlung am Nationalmusée zu Bagdad.

Datt och de Kierper vum Schutz-Dämon elo nees opgedaucht ass, ass dem Butterlin no eenzeg an eleng den Awunner vum haitegen Duerf Chorsabad ze verdanken. Si haten d'Skulptur 2014 verstoppt, wou d'Dschihadistenmiliz IS méi no koum, a sinn du selwer geflücht.