Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

D'Woch op RTL: Poliziste provisoresch fräi, abiméiert Walplakater a Spannen an der Wallis

De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Steiersystem gerecht?
De Steiersystem muss méi gerecht ginn! Dat ass e Constat, dee quasi all d'Invitéeën am Kloertext op der Tëlee gedeelt hunn. De ganze Kloertext kënnt Dir hei nokucken.

Geschwënn Changementer?

D'Software vum Paiement immédiat direct kann elo bei den Hausdokteren installéiert ginn. De Patient brauch da keng Sue méi virzestrecken a bezilt just nach säin Undeel. Ma d'Generaliste sinn awer skeptesch.

Richteg gerechent?
Seng Steierreform bräicht keng Géigefinanzéierung, well se iwwert d'Croissance déi doduerch entsteet, méi ewéi genuch nei Recettë fir de Staat generéiert. Dat ass d'Theorie hannert dem CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden sengem Verspriechen, datt jidderee méi Netto vum Brutto kritt, wann hien an d'Regierung kënnt. Allerdéngs kommen esouwuel de Statec wéi och d'OECD an den Internationale Wärungsfong IMF zu der Konklusioun, datt dat fir Lëtzebuerg esou net funktionéiert.

Pannen, Pub a Vandalismus op Walplakater
Den 8. Oktober gëtt gewielt an d'Nervositéit dobausse schéngt ze klammen. Ëmmer rëm gesäit ee laanscht der Strooss Walplakater, déi beschmiert oder zerstéiert goufen. Am Raum Groussbus gouf souguer mat enger Waff op e Plakat vun der Sam Tanson geschoss.

D'Piratepartei wollt dann eigentlech mat Flyeren opklären, wéi een nächste Sonndeg richteg wielt. Dobäi ass hinnen awer e klenge Feeler ënnerlaf. Op hirem eegene Beispill waren ze vill Këschten ugekräizt.

Ëmmer rëm gëtt sech dann och iwwert déi vill Flyeren a Broschüren an der Bréifkëscht opgereegt. Ma trotz dem "Keng Reklamme"-Sticker wäerte weider Ziedele vun de Parteien an der Boîte landen, déi gëlle gesetzlech nämlech als Informatioun an net als Reklamm. D'Gemenge ruffen dann och dozou op, d'Bréifwal an d'Post ze geheien an net an d'Bréifkëscht vun der Gemeng.

Demokratie-Check
Sinn Duebelmandater nach zäitgeméiss?Sollen d'Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?A wéi vill Ministerposte sollt eng Persoun besetze kënnen? Deene Froen ass eise Journalist Cédric Ferry nogaangen. D'Äntwerte fannt Dir an eisem Demokratie-Check.

Keng roseg Zukunft
Wëssenschaftler sinn der Meenung, d'Paräisser Klima-Ofkommes wier "de facto" gescheitert. D'Zil, d'Äerderwiermung op plus 1,5 Grad Celsius ze halen, wier net méi méiglech. Et géif een éischter vu ronn 3 Grad ausgoen, an dat bis d'Enn vum Joerhonnert.

Waasserstoff zu Lëtzebuerg
Waasserstoff gëllt jo als Alternativ zur Elektromobilitéit. Elo gouf zu Lëtzebuerg déi éischt Waasserstoff-Tankstell ageweit. Besonnesch frou ass de Guy Breden, éischte Proprietär vun engem Waasserstoff-Auto hei am Land. Virdrun huet hien nämlech ëmmer missen op Saarbrécken tanke fueren.

Protester um Findel
Op enger Demonstratioun vum Cargozenter-Personal gouf e Freideg de Moie wärend zwou Stonnen de Rond-point beim Flughafe blockéiert, fir déi Onsécherheet ze verdäitlechen. Et geet drëms, datt d'Luxair sech aus dem Handling vum Cargozenter zréckzitt.

Trump schëlleg
Den fréieren US-President Donald Trump stoung als Privatpersoun viru Geriicht a gouf wéinst Bedruch schëlleg gesprach. Hien soll d'Trump-Organisatioun kënschtlech erhéicht hunn, fir méi bëlleg Kreditter ze kréien. Wéi eng Strof op hien zoukënnt, gi mir réischt am Laf vum Prozess gewuer, deen d'nächst Woch ufänkt.

Aussergewéinlecht Gepäck
En Amerikaner gouf zu Köln um Fluchhafe vun der Douane wéinst senger Begleedung festgehalen. Hien hat nämlech 640 lieweg Insekten, Skorpiounen a Spannen an der Wallis. D'Gedéiesch huet d'Rees leider net gutt iwwerstanen. Se waren nämlech all eenzel a Plastikstuten an Dëppercher verpak.