Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Um Samschdeg: De CGDIS mellt eng Rëtsch Accidenter

E Samschdeg de Moie géint 5.30 Auer gouf eng Persoun bei engem Accident zu Hamm verwonnt. Hei waren zwee Autoen net laanschtenee komm.

Um 10.45 Auer war op der op der franséischer A31 tëscht Frankräich an Diddeleng e Camion ëmgetippt. Hei gouf kee blesséiert.

Kuerz virun 11 Auer e Samschdeg de Moien hat nach an engem Haus an der Areler Strooss zu Pärel eng Gasfläsch Feier gefaangen. Et gouf kee verwonnt.

E bëssi méi spéit ass zu Péiteng an der Rue Prince Jean een Auto accidentéiert, hei war ee Blesséierten ze notéieren.

Kuerz virun 13 Auer waren dann tëscht Miersch a Schëndels zwee Gefierer aneneegerannt, woubäi eng Persoun verwonnt gouf.

A géint 14.45 Auer waren och tëscht Ëlwen a Weiler zwee Autoen net laanschtenee komm, hei goufen 2 Persoune blesséiert.