Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zeienopruff vun der Police: Arméierten Iwwerfall um Gaalgebierg zu Esch

E Samschdeg koum et tëscht 7 an 8 Auer um Escher Gaalgebierg, net wäit ewech vun der Passerell zu engem arméierten Iwwerfall.

Eng Persoun gouf vun dräi maskéierte Männer mat Waffe bedrot. Dobäi goufen en Handy, e Portmonni, Boergeld an e Rucksak geklaut. Ee Spadséiergänger, deen den Iwwerfall matkritt huet an agräife wollt, gouf doropshin och menacéiert. Wärend d'Täter sech mam Spadséiergänger beschäftegt hunn, konnt d'Affer flüchten an d'Police méi spéit alarméieren. Wéi et mam Spadséiergänger weidergaangen ass, ass net bekannt, sou d'Police.

Am Zesummenhang mam Iwwerfall sicht d'Police no Zeie respektiv dem Spadséiergänger. All Informatioune si fir d'Police aus der Stad/Gare ënnert der Telefonsnummer 244 40 1400 oder per Email u [email protected].