Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basketball - 1/8 Finallen an der Coupe : Sparta, Esch, Hiefenech a Fiels sinn en Tour weider

Um Mëttwoch war den Optakt vun den 1/8-Finallen an der Coupe bei den Dammen an Hären.

Hären

An der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären huet sech d'Sparta Bartreng auswäerts bei de Black Frogs Schieren behaapt. No enger 96:87-Victoire steet d'Ekipp vum Trainer Christophe Flammang am nächsten Tour. Et war déi éischt Defaite des Saison fir Schieren, den ongeschloene Leader aus der zweeter Divisioun. Nodeems d'Gäscht aus der LBBL den 10-Punkten-Réckstand séier ophuele konnten, huet den Underdog aus der zweeter Divisioun zwar net labber gelooss, um Enn war Bartreng awer ze staark. Den Nationalspiller Yannick Verbeelen huet mat 32 Punkten iwwerzeegt.

De Basket Esch huet sech doheem souverän mat 90:63 géint de Gréngewald duerchgesat. Am drëtte Véierel huet sech d'Ekipp vum Trainer Franck Mériguet entscheedend ofgesat. Iwwerzeegt huet de Clancy Rugg mat 23 Punkten.

D'Arantia Fiels hat déi 10-Punkte-Réckstand géint de Staater Racing séier opgeholl a wënnt um Enn kloer mat 102:72.

Hiefenech aus der Nationale 2 hat keng Probleemer géint Nitia Beetebuerg aus der Nationale 3 an wënnt 93:54.

Um Dënschden hat sech Mamer aus der LBBL kloer mat 111:60 géint Dikrech aus der Nationale 3 duerchgesat.

Um Donneschde spillen nach Zolwer géint Steesel, d'Résidence Walfer géint Diddeleng an d'Etzella Ettelbréck géint d'Kordall Steelers.

Dammen

Am Lalux Ladies Cup bei den Damme steet d'Sparta Bartreng no enger Forfait-Victoire géint d'Kordall Steelers am nächsten Tour.

An de 1/-4-Finalle steet och d'Amicale Steesel, dat no enger klorer 91:59-Victoire zu Esch. Bei der staarker Kollektivleeschtung vu Steesel huet d'Alexia Allesch mat 23 Punkten iwwerzeegt, d'Mikayla Ferenz ass am zweete Véierel ëmgeknéckt a konnt net méi weider spillen. Wolz setzt sech 88:81 zu Zolwer duerch an den AB Contern wënnt 89:53 géint de BC Mess aus der Nationale 2.

Um Donneschde spillt nach Miersch géint Schieren. Verluecht goufen d'Matcher East Side Pirates géint de Gréngewald Hueschtert (3. November) a Musel Pikes géint den T71 Diddeleng (11. November), dat well de Gréngewald an Diddeleng des Woch am EuroCup am Asaz sinn.