Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bundesliga: Leverkusen Éischten, München kënnt no 0:2 zeréck

D'Werkself steet no enger souveräner Virstellung zu Mainz nees un der Spëtzt. D'Bayern sinn elo punktgläich mam BVB an ee Punkt viru Leipzig op Plaz 3.

Am Spëtzematch vum 6. Spilldag hu sech Leipzig a Bayern München 2:2 getrennt. München war richteg gutt an de Match komm an hat déi éischt grouss Golchance am Match. Am Uschloss stoung Leipzig zimmlech sécher an huet den amtéierende Meeschter mat zwee séiere Goler schweesse gedoen. Dobäi huet d'Lokalekipp vun engem Feeler vum Bayern-Golkipp profitéiert. München hat an der zweeter Hallschent Krämpes fir unzekommen an huet en Eelefmeter gebraucht, fir duerch de Kane den Uschloss ze markéieren. De Rekordmeeschter ass weider ugerannt a gouf mam 2:2 duerch de Sané belount. Béid Ekippen hate bis zum Schluss op d'mannst nach eng gutt Méiglechkeet, de Match fir sech ze entscheeden, wat awer ëmmer un de Golkippere gescheitert ass.

Leverkusen spillt weiderhin eng staark Saison a bleift och no der Victoire zu Mainz ouni Néierlag. D'Ekipp vum Trainer Xabi Alonso huet sech mat zu Mainz duerchgesat, woubäi Leverkusen an der éischter Hallschent net onbedéngt vill besser wéi d'Heemekipp war. En Eegegol vum van den Berg huet Mainz a Réckstand bruecht. No der Paus hunn de Grimaldo mat engem direkte Fräistouss an de Jonas Hofmann Leverkusen op d'Gewënnerstrooss bruecht. Mainz, mam Leandro Barreiro an der Startformatioun, hat bis op eng gutt Aktioun keng kloer Golchance a verléiert um Enn verdéngt.

Stuttgart iwwerrascht d'Bundesliga weider a gewënnt och zu Köln, wouduerch den Effzeh mat just engem Punkt déif am Tabellekeller bleift. Béid Ekippe waren an der éischter Hallschent ganz engagéiert, mee Goler gouf et keng. Sou goung et och an den zweete 45 Minutte weider. Wéi ee gemengt huet, Köln wär richteg gutt am Match, huet Stuttgart den 1:0 geschoss. Duerno sinn dem Stuttgarter Golkipp Nübel zwee Feeler ënnerlaf, déi Köln awer net bestrofe konnt. Kuerz viru Schluss huet den Undav säin zweete Gol markéiert, woumat den Deckel drop war.

Fir Union Berlin wëll et weiderhin net richteg lafen. D'Eiserne kasséiere beim zu Heidenheim hir véiert Néierlag hannerteneen (Bundesliga + Champions League). Déi éischt 45 Minutte ware vu ville gudde Chancë gepräägt, well béid Defensen net gutt stoungen. Déi bescht Aktioune goungen op de Kont vun Union Berlin. Heidenheim huet kuerz no der Paus mat engem direkte Fräistouss den decisive Gol markéiert. Union Berlin ass duerno net méi geféierlech virun de géigneresche Gol komm.

Gladbach feiert beim géint Bochum seng éischt Victoire an der Saison a steet an der Tabell elo nees virum VfL. De Match gouf wéinst net fräie Fluchtweeër am Block vun de Gäscht 10 Minutte méi spéit ugepaff. Des Weidere konnt Wolfsburg Frankfurt mat klappen, woumat den Dino Toppmöller seng éischt Néierlag als Frankfurter Trainer astieche muss.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell