Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Virun australescher Küst: Een Doudegen an ee Blesséierte bei Zesummestouss tëscht Boot a Wal gestuerwen

Virun australescher Küst

Zwee Männer waren e Samschdegmoie mat engem Boot an de Gewässer virun der australescher Stad La Perouse ënnerwee, wéi et zu engem tragesche Virfall koum.

Hiert Boot ass vun engem Wal getraff ginn, dee wuel direkt niewendrun aus dem Waasser gesprongen ass. Dat sot de Siobhan Munro vun der lokaler Waasserpolice. Do virdru war dës vu Leit op engem anere Boot informéiert ginn, dass e klengt Motorboot géing am Waasser dreiwen, wou keen drop wier.

Den 53 Joer ale Skipper gouf spéider an der Géigend vu sengem Bott aus dem Waasser gezunn an an d'Spidol bruecht. En anere Mann vun 61 Joer war vu sech a gouf och aus dem Waasser gefëscht. Hien ass awer nach op der Plaz gestuerwen. De Munro schwätzt vun engem trageschen Accident.

All Joer si bei der Küst New South Wales verschidden Zorte Waler ze gesinn. An de kale Wanterméint an Australien zitt et si nämlech a Richtung Norden a méi waarmt Waasser, tëscht September ab November ass deemno méi lass am Mier virun der australescher Küst an et kënnt deemno och méi zu Virfäll mat Booter, wa Waler niewendrun aus dem Waasser sprangen.