Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Background am Gespréich vum 30. September: Schlof-Gemengen am Norde verhënneren

An der Emissioun Background am Gespréich goung et e Samschdeg ëm de Bezierk Norden, virop ëm d'Theme Gesondheet a Verkéier.

Am Walbezierk Norde kënnen e Sonndeg 9 Kräizer gemaach ginn. Fir iwwert dëse Bezierk ze schwätzen, waren e Samschdeg 6 Kandidaten an der Emissioun Background am Gespréich.

Background am Gespréich - Walbezierk Norden

De ländleche Charakter bäibehalen, mä gläichzäiteg d'Dierfer ubannen an Infrastruktur garantéieren. Dat sinn d'Enjeuen am Éislek, doranner ware sech d'Invitéen eens.

Fir d'Veraarmung vum ländleche Raum ze verhënneren, solle Leader-Projeten entwéckelt ginn. De Gemenge misst een awer och finanziell entgéint kommen, fir gréisser Projeten auszeschaffen, esou de Claude Haagen vun der LSAP.

Aarbechtsplaze schafen ass eng Méiglechkeet, fir souwuel den Trafic an d'Stad ze entlaaschten, wéi och fir Commercen an d'Géigend ze zéien, esou den DP-Minister Marc Hansen. Déi Lénk proposéieren an deem Sënn eng Aarbechtszäitverkierzung. Méi flexibel Auerzäite kéinten iwwerdeems och den Trafic entlaaschten, esou d'Mireille Folschette vun déi Lénk.

Landwirtschaft bleift e wichtege Pilier

D'Landwirtschaft ass am Norden e wichtege Sujet. Ma dëse Secteur kéint vill besser an den Alldag agebaut ginn. Zum Beispill andeems Schoul-Kantinne mat an d'Boot geholl ginn, proposéieren Déi Gréng. Doduerch soll de Bauere wéinst der grousser Quantitéit e bessere Präis fir hir Liewensmëttel zougeséchert ginn. An d'Schüler kéinte vu lokale Produite profitéieren.

Wann d'Häff besser vermaart ginn, géing dat och lokal kleng Butteker unzéien, huet de Claude Haagen vun der LSAP dobäi gesat. "Mir mussen oppassen, dass mer keng Schlofdierfer kréien."

D'N7 gëtt ausgebaut, mä net op 4 Spueren

Wat d'Mobilitéit ugeet, muss et en Zesummespill tëscht den ënnerschiddlechen Transportmëttel ginn. Déi zwou Politikerinnen an zwee Politiker ware sech all eens, dass d'N7 soll ausgebaut ginn. Ma de Claude Turmes huet präziséiert, dass de grénge Mobilitéitsminister Bausch den Ausbau schonn op de Wee bruecht huet. Zum Deel gouf sech an der Ronn awer fir den Ausbau op 4 an net just op 3 Spueren ausgeschwat.

2013, wéi d'Kilometerpauschal gekierzt gouf, hätten d'Leit am Norde ganz kloer verluer, fënnt d'CSV-Politikerin Martine Hansen. Dat sollt ugepasst ginn. Vum ëffentlechen Transport kéinten d'Awunner aus dem Éislek och net wierklech profitéieren. Eng Propos war dowéinst, d'Zuchstreck an den Norden op zwee Gleiser auszebauen, esou d'CSV.

De Schinnebau géing awer net an den nächste 5 oder 6 Joer geschéien, entgéint de Claude Haagen vun der LSAP. Dat sollt een de Leit dofir och net esou verspriechen. Och bei de Contournemente misst opgepasst ginn, dass de Wee dann net integral laanscht d'Commercë féiert. Allgemeng misst déi ganz Infrastruktur matenee geplangt ginn, fir d'Uertschaften nohalteg ze stäerken.

Den Urbanismus zesumme mat der Mobilitéit denken, wat dat ugeet schléisst de Claude Turmes sech der LSAP un. Ma dat wier an de leschten 10 Joer awer däitlech méi gemaach ginn, wéi ënnert enger CSV-Regierung. Dat wollt d'Martine Hansen net esou stoe loossen, d'Nordstrooss wier ënnert dem Claude Wiseler als Minister geplangt ginn.

Déi Konservativ stéiert et, dass ze laang geplangt an analyséiert gëtt. Dat géing zum Deel méi deier kaschten, wéi de Projet selwer, huet de Kandidat aus dem Süde Roy Holzem behaapt.

Nieft dem Zuch an den Auto ass awer och de Ruffbus e ganz wichtegen Atout am Norden, huet d'Martine Hansen vun der CSV betount. D'Politiker aus dem Norde ware sech eens, dass de Ruffbus néideg ass, fir den ëffentlechen Transport am ländleche Raum ze garantéieren. D'Mireille Folschette vun déi Lénk huet sech och dofir ausgeschwat, de Ruffbus vill méi anzesetzen, wéi dat den Ament de Fall ass.

Wéi kënne méi Santé-Servicer garantéiert ginn?

D'Wëlzer an d'Ettelbrécker Spidol mussen nees gestäerkt ginn, fënnt d'CSV. Ma virun allem Servicer fir Kanner musse weider ausgebaut ginn. D'Populatioun am Norden ass an de leschte Jore staark geklommen, dowéinst mussen d'Klinicken anescht geduecht ginn. Ma och pediatresch Zentere wieren néideg, fir d'Liewensqualitéit ze assuréieren. Soss missten Eltere mat hire kranke Kanner zum Deel ganz wäit fueren.

D'DP gesäit d'Verbesserungspotential ënnert anerem bei ambulante Servicer. An deem Sënn huet sech de Marc Hansen ganz däitlech dofir ausgeschwat, dass net all medezinesch Servicer un e Spidol musse gekoppelt sinn. D'Klinicke stäerken, wier sécherlech wichteg. Mä Servicer, déi net onbedéngt mussen an engem Spidol gemaach ginn, sollten dezentraliséiert opgestallt ginn, doranner ware sech d'DP an d'CSV eens.

Souwuel d'Santé, wéi och d'Securité Sociale géinge schonn dorunner schaffen, fir zum Beispill d'Bestralung och am Norde kënnen unzebidden, huet den LSAP-Minister Claude Haagen präziséiert. Am Dezember géing och en IRM an d'Wëlzer Spidol kommen. De Projet Schlasskéier ass och scho gestëmmt an an de Startlächer.

Eng Rei Mesuren, dorënner och Maison-médicallen, goufe lancéiert, fir d'Gesondheetsservicer ze stäerken. D'Politiker ware sech awer eens, dass nach Moyenen an den Norde mussen investéiert ginn, fir d'Gesondheetsversuergung weider ze garantéieren an de Bezierk attraktiv ze halen.

Doriwwer hunn diskutéiert:

- d'Martine Hansen (CSV)
- de Marc  Hansen (DP)
- de Claude Haagen (LSAP)
- de Claude Turmes (déi Gréng)
- d'Mireille Folschette (déi Lénk)
- de Roy Holzem (déi Konservativ)

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.