Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Parlamentswalen an der Slowakei: Smer-Partei vum Ex-Regierungschef Fico stäerkste Kraaft

Parlamentswalen an der Slowakei

Nodeems Prognosen nach déi Liberal vir gesinn haten, ass um Enn awer d'Partei vum Ex-Regierungschef Fico déi stäerkste Kraaft ginn.

An der Slowakei huet déi populistesch Partei Smer vum fréiere Regierungschef Robert Fico déi virgezunne Parlamentswale gewonnen. Hien hat ënnert anerem annoncéiert, wëllen d'Militärhëllef fir d'Ukrain ze stoppen. Et sollte just nach zivil Hëllefsgidder geliwwert ginn.

Déi Nato- an EU-kritesch Partei kënnt op bal ee Véierel vun de Stëmmen. Déi liberal Partei "Progressiv Slowakei" (PS) vum EU-Vizeparlamentspresident Michal Semecka kënnt nëmmen op 17 Prozent vun de Stëmmen.

Et dierft schwiereg ginn, fir dem Fico seng Smer-Partei eng Regierung op d'Been ze stellen. Virop well d'Partei ganz pro-russesch orientéiert ass.

Zwou Ëmfroen, déi no de Wale gemaach goufen an e Samschdeg den Owend vun zwou Tëleeschaîne publizéiert goufen, haten nach déi liberal Partei PS knapp virun der Smer-Partei gesinn. Den Ofstand tëscht béide Parteien ass am Laf vun der Nuecht awer ëmmer méi kleng ginn, bis d'Smer-Partei d'Féierung iwwerholl huet.