Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tierkei: Explosioun an der Géigend vum Parlament zu Ankara

Den tierkeschen Inneministère schwätzt vun enger Attack. Déi presuméiert Täter wieren dout.

Matten an der tierkescher Haaptstad Ankara gouf et e Sonndeg eng Explosioun. D'Ursaach vun der Explosioun an der Géigend vum Parlamentsgebai ass nach onkloer.

Den tierkeschen Inneminister Ali Yerlikaya huet op der Plattform X (fréier Twitter) vun enger "Bommenattack" geschwat. Ee vun den zwee "Terroristen" hätt sech an d'Luucht gesprengt, deen zweete wier och ëm d'Liewe komm. Bei engem Schosswiessel wieren zwee Poliziste liicht blesséiert ginn.

Saat 09.30 sıralarında İçişleri Bakanlığımız Emniyet Genel Müdürlüğü giriş kapısı önüne hafif ticari araçla gelen 2 terörist bombalı saldırı eyleminde bulunmuştur.

Teröristlerden biri kendini patlatmış, diğer terörist etkisiz hale getirilmiştir.

Açılan ateş sırasında 2 Emniyet…

— Ali Yerlikaya (@AliYerlikaya) October 1, 2023

Ofspärungen a Sprengkommandoen

D'Parlament sollt um Sonndeg no der Summerpaus seng Dieren nees opmaachen. D'Sécherheetsautoritéiten hunn nom Virfall d'Ëmgéigend ofgespaart.

Biller op der Tëlee weisen der Noriichtenagence AP no, wéi Sprengkommandoen an der Géigend vun engem geparkten Auto schaffen.