Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Volleyball Challenge Cup: Stroossen dréint de Match, Defaite fir Luerenzweiler

An den Allersmatcher vun der Qualifikatiounsronn wënnt Stroossen no engem 0:2-Réckstand a Luerenzweiler zitt géint Bukarest de Kierzeren.

E Mëttwoch den Owend ware mam VC Stroossen an dem VC Luerenzweiler zwou Lëtzebuerger Ekippen fir d'Allersmatcher vun der Qualifikatioun am Challenge Cup am Asaz.

Fir de VC Stroossen gouf et an der Slowakei eng VK Spartak UJS Komarno. No engem gudden éischte Saz vun der Lokalekipp konnt Stroossen am zweete Saz besser dergéinthalen. Mat 27:25 hat awer och hei nees de Géigner d'Nues vir. Déi Stroossener haten elo awer Confiance getankt an hu sou mat 25:19 a 25:18 op 2:2 ausgeglach. Och de leschten an decisive Saz hu si da mat 15:10 fir sech entscheet, fir d'Partie no engem grousse Kampf nach ze wannen.

An der zweeter Partie vum Owend mat Lëtzebuergescher Bedeelegung huet sech de VC Luerenzweiler misse mat Steaua Bukarest geschloe ginn. D'Gäscht aus Rumänien ware gutt an d'Partie gestart, ma och d'Lokalekipp vu Luerenzweiler huet sech gemellt a konnt doropshin op 1:1 ausgläichen. D'Gäscht hunn an de weideren zwee Sätz dann awer ëmmer méi hir Stäerkt gewisen a wannen trotz enger engagéierter Leeschtung vu Luerenzweiler um Enn mat 3:1 (.

De Retourmatch fir de VC Stroossen gëtt den 31. Oktober gespillt an de VC Luerenzweiler huet den 1. November zu Bukarest d'Chance op eng Revanche.