Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Parlamentswalen: Wéi wielt d'Slowakei? Geet d'Ukrain-Hëllef op en Enn?

D'Walen an der Slowakei e Samschdeg hunn e groussen Impakt fir ganz Europa, well se virop ëm d'Ukrain dréinen.

An der Ofstëmmung dierft sech entscheeden, ob Bratislava wëll un der Ënnerstëtzung fir d'Ukrain festhalen oder d'Land sech méi u Moskau wäert orientéieren.

Bleift Bratislava senger liberaler, pro-westlecher Linn trei a liwwert och weider Waffen un d'Ukrain? Jo, wann et dem Michal Šimečka nogeet, engem Progressiven, deen och fir gréng Politik steet a fir LGBTQ-Rechter an engem konservativen, majoritär kathoulesche Land.

De Michal Šimečka:

"Wat och ëmmer vu Regierung erauskënnt, mir ënnerstëtzen d’Ukrain."

Säin Erausfuerderer ass de Robert Fico, ee lénkspopulistesche fréiere Premier, dee wéinst Korruptioun 2018 an dem Mord vun engem Journalist deemools hat missen zerécktrieden. Wann et him nogeet – e gëllt als eng vun de Putin-Marionette vun Osteuropa an als fervente Bewonnerer vum ungaresche Premier Viktor Orbán - gëtt keng Kugel méi u Kiew geliwwert. Dem Fico seng Politik wier eng Spläiter am Fouss vum aktuellen EU-Konsens fir hannert der Ukrain ze stoen.

Zong un der Wo ass de moderéierte Sozialdemokrat Peter Pellegrini, deen Drëtten am Bond, dee sech net offiziell festleet a punkto Preferenz fir e Koalitiounspartner, deen awer dem Robert Fico u sech méi no steet.

Migratioun an d'Angscht, déi ronderëm opgebaut gëtt, sinn aner Themen, déi Waasser op d'Mille si vun de Populisten an dëse Walen. 27.000 illegal Awanderunge goufe bis ewell dëst Joer notéiert – dat sinn der néng Mol esouvill wéi nach virun engem Joer.

Eescht, systemesch Problemer vun der Slowakei: d'Educatioun, de Gesondheetssystem an de sougenannte "Brain drain", déi konsequent Auswanderung vun Intellektuellen, goufe knapps ugeschwat am Walkampf. Mat engem Resultat ass e Sonndeg an de fréie Moiesstonnen ze rechnen.