Op der Pressekonferenz fir d’Rentrée judiciaire goufen 10 Propose gemaach, déi déi zukünfteg Regierung an hirem Koalitiounsaccord sollt berécksiichtegen.
Um Barreau verlaangt ee virun allem Kontinuitéit am Familljerecht a bei der Digitalisatioun. Et hätt ee bis elo gutt dru geschafft, sot de Bâtonnier Pit Reckinger. Déi Gréng Justizministesch Sam Tanson hätt ëmmer en oppent Ouer gehat. "Eis Linn wier éischter elo op deenen Texter ze schaffen, déi mer hunn, wéi bei Null unzefänken", seet och d’Bâtonnière sortante Valérie Dupong.
Et wieren nämlech nach eng Partie Gesetzer, déi nach net duerch d’Chamber sinn. "A kengem Gesetz steet, wéi eng Persoun, déi Affer vun engem Mineur ginn ass, ka Schuedenersatz kréien. Hautzedaags ass dat eng Katastroph", ënnersträicht d’Valérie Dupong.
Besonnesch am Familljerecht wieren dann nach Gesetzprojeten, déi misste weidergedriwwen oder nogebessert ginn. Sou misst zum Beispill de Riichter a Familljenaffäre méi Kompetenze kréien. E weideren urgente Punkt wier e Gesetz, wat d’Filiatioun vu Kanner, déi am Ausland gebuer sinn, a wou d’Elteren hei am Land wunnen, reegelt. "Eis Gesellschaft ass vill changéiert", seet d’Valérie Dupong. A mengt domat ënner anerem, dass Kanner kéinten zwee Pappen oder zwou Mammen hunn, oder awer vun enger Leihmutter ausgedroe gi sinn. Am Gesetz wier dëst net gereegelt, Kanner bräichten awer e sécheren a séiere Statut, wa se an d’Land kommen.
Da goung et och nach ëm Gebailechkeeten, iwwert déi d’Politik sech misst mat Gedanke maachen. D’Cité judiciaire um Helleg-Geescht-Plateau wier un hir Limitte komm, sot de Pit Reckinger. Hei hofft een op Léisungen, well d’Servicer vun der Justiz beienee misste bleiwen. Et hätt een awer keng fix Iddi, wou d’Cité judiciaire an Zukunft soll sinn. Idealerweis wier et ëm den Helleg-Geescht-Plateau. "A long terme geet dat awer warscheinlech net, da muss se iergendwa plënneren", betount de Pit Reckinger.
D’Mediatioun, also eng aussergeriichtlech Léisung bei Problemer, wier dann och eng Offer déi méi bekannt misst gemaach ginn. Eng weider Propos vum Barreau fir an de Koalitiounsaccord. An der alternativer Konfliktléisung géing een awer en Trend erkennen, dass et hei ëmmer méi Servicer géinge ginn.
Zanter längerem scho bitt de Barreau all Samschden tëscht 8 an 13 Auer gratis Berodung an Orientatioun bei Affären un. E Service, deen ëmmer méi gefrot géing ginn, besonnesch an de Beräicher Aarbechtsrecht, Bailen, Familljerecht a Immigratiounsrecht, seet de Pit Reckinger.
Och un den Affekote géing déi ekonomesch Situatioun dann net laanscht goen. Besonnesch méi kleng Etudë wiere concernéiert. Dat a Punkto Loyer an duerch d’Indexatioun vun de Paien, huet d’Valérie Dupong gesot. D’Honorairë géingen awer net onbedéngt an d’Luucht goen, well d’Clienten am Allgemenge manner an der Täsch hätten. Awer och d’Struewele vun der Baubranche hätt en Impakt. Deemno a wéi engem Beräich d’Affekote geschafft hunn, falen hinnen d’Clienten ewech. Zum Beispill wa se an der Immobilebranche d’Verträg gemaach hunn oder fir Firme geschafft hunn.
Den Ament schaffen zu Lëtzebuerg 3.390 Affekoten. 51 Prozent si Männer, 49 Fraen. 45 Prozent hunn déi franséisch Nationalitéit, 25 déi Lëtzebuergesch, 12 déi Belsch a 5 déi Däitsch.