Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball Coupe: D'Favoritte setze sech duerch

An der éischter Ronn vun Coupe hu sech ë.a. Esch, Diddeleng, Bierchem a Käerjeng duerchgesat. Bei den Damme gouf et eng kloer Victoire fir Déifferdeng.

Hären

Den Handball Käerjeng huet sech souverän mat géint den HB Miersch behaapt. Och wann d'Resultat um Enn méi knapp schéngt, war d'Victoire fir Käerjeng ni a Gefor. No éischten zéng intensive Minutte konnt sech d'Ekipp aus der Brauereistad ofsetzen an hat e maximale Virsprong vu véier Goler. An der Paus stoung et 20:17 fir déi Gréng.

An den zweeten 30 Minutten huet Käerjeng den Ecart konstant ausgebaut, dee bis op maximal siwe Goler ugewuess ass. Nodeems de Match an der 55. Minutt  beim Stand vu 39:32 zu Gonschte fir d'Ekipp vum Trainer Zoran Radojevic gelaf war, ass Miersch duerch technesch Feeler op Käerjenger Säit nach eng Kéier bis op zwee Goler erukomm.

Tëscht Schëffleng an Esch koum et zu engem Derby, dee méi spannend war, wéi am Ufank geduecht. Um Enn setzt sech de Favoritt aus der Minettmetropol mat géint Schëffleng duerch. D'Lokalekipp war mat engem 3:0-Laf an de Match gestart, mee déi Escher hu mat engem 6:0 geäntwert. Déi Schwaarz-Wäiss konnte sech eréischt ab der 25. Minutt richteg ofsetzen a louchen zur Paus mat 14:10 a Féierung.

An der zweeter Hallschent huet den Ecart ëmmer tëscht véier a sechs Goler geschwankt, bis Esch an der 53. Minutt eng éischt Kéier e Virsprong vu siwe Goler hat. Domat war kloer, dass den amtéierende Champion de Match gewanne géif.

Nieft Käerjeng an Esch hunn och DiddelengBierchemDikrech

Weiderhi stinn de MuseldallStandardRed Boys als Coupegewënner sinn an der éischter Ronn spillfräi.

Dammen

Am eenzege Match um Samschdeg an der Coupe vun den Dammen iwwerrennen d'Red Boys Déifferdeng den HC Atert Réiden mat . An der Paus stoung et scho 24:2 zu Gonschte vun den Déifferdengerinnen. D'Lejla Sinani huet mat 10 Goler am heefegsten am Filet ënnerbruecht.

E Sonndeg spillen nach Miersch géint de Standard a Schëffleng kritt Besuch vum Museldall.

Den Iwwerbléck vun de Resultater