Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

WRC Rally Chile: 2. Dag: Ott Tänak baut Féierung aus, Grégoire Munster op Plaz 16

Am Chile gëtt dëse Weekend déi 11. Manche vun der WRC-Rally-WM gefuer.

De richtege Choix vun de Pneuen an d'Evitéiere vu Schied un de Pneue waren déi grouss Themen um 2. Dag vun der WRC Rally Chile. Toyota huet hei keng glécklech Hand gewisen an huet seng Pilote mat der mëller Mëschung op déi éischt Specialle geschéckt. D'Piloten hunn doduerch mat engem ze grousse Verschläiss vun de Pneue gekämpft a virun allem den Elfyn Evans huet d'Auswierkungen ze spiere kritt. Hat hie sech am Ufank vum Dag nach Chancen op d'Victoire ausgerechent, ass hien no hannen duerchgereecht ginn an huet nom zweeten Dag keng Chance méi op d'Schlussvictoire.

Den Ott Tänak (Ford Puma Rally1) huet dogéint seng Féierung op 58,3 Sekonnen ausgebaut. Op der zweeter Plaz läit den Teemu Suninen (Hyundai i20 N Rally1). Drëtten ass den Thieryy Neuville (Hyundai i20 N Rally1) op eng Minutt an 12 Sekonnen.

De Lëtzebuerger Grégoire Munster läit nom 2. Dag op der 16. Plaz am General. Hien huet e Retard vun 12 Minutten a 44 Sekonnen.

Fir de Lëtzebuerger a säi belsche Copilot Louis Louka ass et e ganz besonnesche Rallye, well et ass déi éischte Kéier, dass si net mat engem Rally2-Ford Fiesta an der Rallye-WM fueren, ma mat engem Ford Puma Rally1. Deemno mat dem selwechte Material, mat deem och z.B. den Ott Tänak fir M-Sport Ford fiert.

E Sonndeg ginn nach 4 Specialle gefuer.

Klassement nom 2. Dag vum Rallye Chile BioBio

RTL

© Screenshot