Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EHF Cup: Käerjeng verléiert éischte Match a Griicheland

De Champion Käerjeng huet sech beim éischten Optrëtt op europäeschem Niveau mat géint Plyea Thessaloniki geschloe ginn. D'Lëtzebuerger Vertriederinnen hunn de Match am Ufank enk gehalen a sinn eréischt an der 18. Minutt eng éischt Kéier mat dräi Goler a Réckstand geroden. An der Paus stoung et 14:12 fir Griichinnen.

D'Trainerin Ljubica Jurleta hat an der Paus wuel déi richteg Wierder un hir Damme geriicht, well Käerjeng konnt no 39 Minutten ausgläichen. Duerno huet Thessaloniki awer mat engem 4:0-Laf de Käerjengerinnen de Wand aus de Seegele geholl an dës Avance konstant bis an d'Schlussphas gehalen. D'Luiza Maria Dascalu konnt mat der leschter Aktioun, engem Siwemeter, nach verkierzen, woumat Käerjeng nach ëmmer eng gutt Ausgangspositioun fir den zweete Match huet. Dëse gëtt e Sonndeg och zu Thessaloniki gespillt. D'Tina Welter (6 Goler), déi an der 49. Minutt mat Rout vum Terrain gesat gouf, an d'Teodora Galic (5) hu fir Käerjeng am beschte markéiert.