Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ongléck zu Murcia: Doudeger bei Brand a spuenescher Disko

Bei engem Feier an enger Disko am südspuenesche Murcia sinn op d'mannst siwe Mënschen ëm d'Liewe komm. Wéier weider Persoun goufe blesséiert.

An der Disko "Teatre" am südspuenesche Murcia ass e Sonndeg am fréie Moien e Feier ausgebrach. Bannent kuerzer Zäit ass d'Feier op aner Diskoen am Geschäfts- a Fräizäitquartier "Las Atalayas" iwwergaangen, dat mellt d'Zeitung "El País".

Op d'mannst siwe Mënsche sinn ëm d'Liewe komm. Op d'mannst véier weider Persounen hunn eng Dampvergëftung. D'Police schléisst net aus, datt et nach méi Doudesaffer gëtt.

Dem Buergermeeschter vun der Stad, José Ballesta, no ginn et nach eng Partie Vermësster. D'Pompjeeë sichen an den Iwwerreschter vun der Disko no méigleche weideren Affer.

D'Ursaach vum Feier ass nach onbekannt.

Ya son siete las victimas mortales del incendio de la discoteca Teatre en #Murcia.

Se recuerda que @AytoMurcia ha habilitado una zona de atención en el Palacio de los Deportes en Atalayas para la atención de familiares y allegados a las víctimas. pic.twitter.com/s3mBtDCAaI

— 112 Región de Murcia (@112rmurcia) October 1, 2023