Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Passerell: ASBL skandaliséiert iwwer d'Decisiounen, wat den Accueil vu Flüchtlingen ugeet

RTL

Dës géife géint Mënscherechter an international Engagementer verstoussen.

Konkret ass ee schockéiert doriwwer, dass Asyldemandeuren op der Strooss landen, well si keng Plaz an engem Flüchtlingsheem kréien. D'Regierung hat jo decidéiert, dass männlech Asyldemandeuren, déi eleng an d'Land erakommen a schonn an engem anere Land eng Demande gemaach hunn, fir d'éischt op eng Waardelëscht, fir en Daach iwwert dem Kapp kommen. Zanterhier géif d'Associatioun ëmmer méi jonk Männer, virop aus dem Sudan oder Eritrea begéinen, déi keng Plaz hätten fir ënnerzekommen. Derbäi kéim, dass d'Wanteraktioun den Ament nach net op wier an d'Nuechten awer schonn immens kal ginn.