Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Stärenzeremonie vum CHL: E Stär fir all Kand, wat et net an d'Liewe gepackt huet

Zënter 20 Joer organiséiert de CHL d'Cérémonie des étoiles. Hei gëtt de Puppelcher geduecht, déi nach am Bauch oder kuerz no der Gebuert gestuerwe sinn.

Et ass e Sujet, iwwert deen net vill geschwat gëtt, a vun deem awer eng ganz Partie Leit betraff sinn. Eleng am CHL stierft am Duerchschnëtt all Woch ee Puppelchen. Dat entweder nach am Bauch vun der Mamm oder kuerz no der Gebuert. Mir schwätzen hei net nëmme vu Feelgebuerten, mee och vu Schwangerschaftsofbréch an Bëbeeën, déi et no der Gebuert einfach net packen.

Et ass e Verloscht, dee fir d'Elteren immens schwéier ass an an der Gesellschaft net wierklech verstane gëtt. Et ass nämlech kee Verloscht wéi all aneren, wéi d'Psychologin vun der Maternité an Neonatologie am CHL Sylvie Langermann erkläert: "Déi Puppelcher ware jo nach net op der Welt oder nach net laang op der Welt. Deemno huet d'Ëmfeld vun der Koppel dacks keng Relatioun zu him. Et gi keng Erënnerungen, déi een deele kann oder Erliefnisser mam Verstuerwenen, un déi ee sech erënnere kann."

D'Psychotherapeutin Christiane Steffens-Dhaussy, déi d'Stärenzeremonie zu Lëtzebuerg mat an d'Liewe geruff huet, nennt et och esou: "E Bëbee, dee vir oder kuerz no der Gebuert gestuerwen ass, existéiert fir d'Ëmfeld nach net. E bleift virtuell." A genee dat wier de Problem, wisou d'Eltere mat hirem Verloscht dacks eleng do stinn. An der Gesellschaft gëtt de Verloscht nämlech net wierklech unerkannt oder ass net novollzéibar.

Déi meescht Leit mengen och, et misst ee just déi éischt dräi Méint iwwerstoen, well et hei méi heefeg ass, d'Kand ze verléieren. Mee et kann ee säi Kand nach bis een Dag virun der Gebuert verléieren, sou d'Sylvie Langermann. Si trëtt a Kontakt mat der Mamm oder der Koppel, wann e Puppelchen iwwerraschend wärend der Schwangerschaft verstierft.

E weideren Deel vun hirer Aarbecht ass et, d'Elteren ze begleeden, wa bei de prenatalen Tester Beanträchtegungen opfalen, déi et dem Kand net erméiglech liewensfäeg ze sinn. Hei mussen d'Elteren nämlech eng schwéier Entscheedung treffen: Hale si de Bëbee a ginn de Risiko an, en zu all Moment ze verléieren oder e schwéier beanträchtegt d'Kand op d'Welt ze setzen.

Ofhängeg vum Schwangerschaftsstadium muss virum Accouchement nach e Fetozid gemaach ginn. Dat heescht, dass d'Kand am Bauch muss doutgemaach ginn. Hei ass awer och wichteg ze soen, dass dat éischter als Erléisung vum Kand gesi gëtt, wéi als dout maachen, wéi eis och eng betraffe Mamm am Interview erzielt huet.

Nom Fetozid muss d'Mamm de verstuerwene Bëbee dacks nach accouchéieren. Dat aus biologesche Grënn. "Dat ass och psychologesch besser fir d'Mamm, och wann dat op den éischte Bléck net esou schéngt", sou d'Psychologin Sylvie Langermann. Dës weidere réit si meeschtens och dozou, de Puppelchen ze gesinn an Äddi ze soen. Esou wier den Doud méi gräifbar an de Verloscht besser ze verschaffen. Wichteg wier et och den Elteren ze weisen an ze vermëttelen, dass si net eleng sinn. An dat si si definitiv net

D'Bänken op der Stärenzeremonie zu Rued-Syr waren nämlech gerammelt voll. Hei si ganz vill Famillen, déi dat selwecht Schicksal deelen. Wärend der Zeremonie duerften d'Elteren, déi dëst Joer hiert Kand verluer hunn, den Numm op e Stär schreiwen an dësen op de Stärenhimmel hänken. Déi Elteren, déi schonn e Stär um Himmel hunn, kënnen eng Blumm dobäistellen. Dat Ganzt gëtt vun der Ekipp vum CHL organiséiert mat grousser Hëllef vu Benevollen.

Trotzdeem Erënnerunge schafen

Obwuel déi sougenannte Stärekanner guer net d'Chance kruten, ze liewen oder just ganz kuerz op der Welt waren, sollen d'Elteren awer och Erënnerungen un hire Bëbee hunn. D'Martine Pinnel huet dofir d'ASBL Stärekanner gegrënnt. Déi jonk Fotografin bitt de betraffenen Elteren an dëser Situatioun un, Fotoe vun hirem Bëbee ze maachen. Heivir kënnt si dann an d'Maternité an hält de Moment fest.

An de leschten 2 bis 3 Joer huet d'Martine Pinnel scho 47 Famille begleet a fotograféiert. Eng Routine ass et awer net. "All Fall ass immens emotional fir mech an ech ka mech bis haut un all Bëbee an un all Numm erënneren. Ech sinn einfach ee vun de wéinege Leit, déi de Puppelchen ze gesi kréien. Dat muss ee wäertschätzen."

D'Fotoe kréien d'Elteren dann och fir näischt zur Verfügung gestallt zesumme mat enger klenger Këscht, wou och Petzien an aner Erënnerungen dobäi sinn.

"Ech si Fotografin, mee ech wollt net iergendeppes fotograféieren. Ech wollt eppes Sënnvolles fir d'Gesellschaft maachen."

Enn November dann ass am CHL eng Konferenz, wou den Doud vu Puppelcher an den Ëmgang domadder Sujet ass. Hei wäerte souwuel Experten a Personal vun der Neonatologie an der Maternité schwätzen, wéi och Betraffe Mammen a Pappen hir Geschichten erzielen.