Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Champions League: Wichteg Victoire fir Dortmund géint Newcastle

E Mëttwoch den Owend war an der UEFA Champions League den Ofschloss vum 3. Spilldag.

Am Grupp F wënnt Borussia Dortmund eng wichteg Partie zu Newcastle a bleift domat weider an der Course ëm eng Plaz an den Aachtelsfinallen. De PSG steet no engem 3:0 géint den AC Mailand op der 1. Plaz.

Un der Spëtzt vum Grupp E steet no dräi Matcher Feyenoord Rotterdam, dee sech mat 3:1 géint Lazio Roum behaapte konnt. Atlético Madrid ass géint Celtic net iwwert en 2:2 erauskomm.

Am Grupp G steet Manchester City no enger Victoire zu Bern weider ongeschloe mat néng Punkten un der Tabellespëtzt. Hannendru steet mat sechs Punkten d'Ekipp vun RB Leipzig, déi sech mat 2:1 zu Belgrad behaapt huet.

Och fir den FC Barcelona leeft et am Grupp H weider perfekt. D'Katalane stinn no dräi Matcher mat néng Punkten op der éischter Plaz, dat virun dem FC Porto, dee sech zu Antwerpen eng kloer Victoire no Réckstand séchere konnt.

Grupp F

Alles anescht wéi langweileg sollten déi éischt Minutten am St. James' Park ginn, wéi Newcastle an Dortmund um 21.00 Auer an de Match gestart sinn. No zwou Minutte gouf et sou schonn op béide Säiten eng gutt Chance op en éischte Gol. Et ass weider mat héijem Tempo an enger grousser Intensitéit hin an hir gaangen. Mat belieften Zweekämpf am Mëttelfeld a ville Golchancen gouf de ronn 52.000 Spectateuren eppes gebueden. Mat der Zäit huet sech Dortmund e klenge Virdeel erausgespillt a war dem Féierungsgol no gutt 20 Minutte méi no drun. Kuerz virun der Paus hunn d'Gäscht dann eppes aus hire ville Chance gemaach. No engem Ballgewënn vum Schlotterbeck huet den Nmecha aus zentraler Positioun mat engem placéierte Schoss an den Eck d'1:0-Féierung markéiert, mat där et dann och an d'Vestiairë gaangen ass.

Nom Säitewiessel huet Dortmund dat gutt Gefill aus der Schlussphas vun der éischter Hallschent matgeholl an et Newcastle net einfach gemaach. D'Haushären hunn no e puer Minutten awer den Drock erhéicht an de Wee no vir gesicht. Doropshin louch d'Konzentratioun vun der Borussia elo méi op der Defense, wat och seng Wierkung gewisen huet. D'Zäit ass ëmmer méi enk ginn an ëmmer méi louch de Gol zum Ausgläich an der Loft. An der 86. Minutt gouf et dann duerch de Wilson déi bescht Chance, ma de Kappball no engem Fräistouss ass widder d'Lat gesprongen. Mat der leschter Aktioun vum Match huet d'Lat dann no engem Schoss vum  Gordon eng weider Kéier de Gol fir Newcastle verhënnert. Um Enn kritt Dortmund also d'Féierung mat e bësse Gléck iwwert d'Zäit bruecht a séchert sech domat déi éischt Victoire am Grupp F, mat där ee weider ëm en Ticket fir d'Aachtelsfinalle matschwätzen dierf.

Grupp E

Grupp G

De Resumé vum Grupp G

Am Grupp G kënne sech Manchester City a Leipzig duerchsetzen.

Grupp H

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.