Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

ILR: Ëmmer méi Stroum aus erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg

Knapp 17 Prozent vum Elektresch, dat zu Lëtzebuerg verbraucht gëtt, kënnt vun erneierbaren Energien. An den Taux klëmmt all Joer.

Zejoert gouf et zum Beispill eng Hausse vu méi wéi 50 Prozent bei der Stroumproduktioun duerch Photovoltaikanlagen. Dat geet aus dem aktuelle Rapport vum Regulatiounsinstitut ILR ervir.

Allgemeng ass d'Consommatioun vum Stroum zejoert ëm 3 Prozent zeréckgaangen. Beim Gas ass et eng Baisse vun 21 Prozent.

Dräi Véierel vun de Stéit, déi zejoert eng Photovoltaikanlag installéiert hunn, hu sech dofir decidéiert, hire produzéierte Stroum selwer ze benotzen amplaz en an de Reseau ze speisen. Dat Joer virdru waren dat just knapp 15 Prozent.

D'Präishausse vum Stroum zejoert ass gréisstendeels vum Staat opgefaange ginn. D'selwecht beim Gas, fir deen de Präis jo zanter Oktober 2022 no uewe limitéiert gouf. D'Differenz iwwerhëlt de Staat.