Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Elo stellen d'Kanner d'Froen!: Luc Frieden a Fred Keup am Interview

Dëse Sonndeg ass et d'Suite vun eiser Serie, an där Politiker vu verschiddene Parteien d'Froe vun den RTL-Kannerreporter beäntwerten.

Dierfe Politiker sech eigentlech och selwer wielen? Wat huet de Luc Frieden vum Jean-Claude Juncker geléiert a firwat huet de Fred Keup déi Lëtzebuerger Sprooch esou gären? Dat si Froen, déi eis Kannerreporter ënner anerem dës Woch an der Emissioun "Kleng freet Grouss" den zwee Spëtzekandidate vun der CSV an der ADR gestallt hunn.

Kleng freet Grouss: Luc Frieden

De Luc Frieden vun der CSV gëtt vun de Kannerreporter Zoé, Ivan a Julie interviewt.

Den Ivan an d'Zoé hunn de Luc Frieden interviewt. Si interesséieren sech iwwert Pläng, déi d'CSV fir Entreprisen huet, wéi si de Beruff vum Schoulmeeschter oder der Joffer méi attraktiv wëlle maachen an ob de Luc Frieden dat onfair fënnt, dass si net an der Regierung sinn, obwuel si jo awer déi meeschte Sëtz an der Chamber hunn.

Dorop äntwert de Luc Frieden hinnen: "Ech fannen dat komesch, wann een e Véierel vun all de Leit, déi am Land wiele ginn, vertrëtt, da misst een an der Regierung sinn. An eigentlech ass dat eng Fro, déi dir deenen anere Parteie misst stellen, firwat si déi leschte Kéier net mat der CSV geschwat hunn."

Kleng freet Grouss: Fred Keup

Dëse Sonndeg gëtt de Fred Keup vun der ADR vun de Kannerreporter Maxime, Charel a Lionel interviewt.

Mam Fred Keup schwätzen de Maxime an de Charel doriwwer, dass et ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg ginn, wat d'ADR fir déi Jonk wëlles huet a stellen him Froen iwwert déi Lëtzebuerger Sprooch. De Charel kennt, ausser vläicht seng Boma, keen dee Lëtzebuergesch richteg schreiwe kann. De Fred Keup huet ee Buch iwwert déi Lëtzebuerger Sprooch geschriwwen, kann hien da richteg schreiwen?

"Warscheinlech net perfekt, nee, dat ass och net esou wichteg. D'Haaptsaach et gëtt geschriwwen, grad beim Lëtzebuergeschen, d'Haaptsaach et gëtt benotzt a wa Feeler dobäi sinn, da soll een dat kënnen akzeptéieren. Et ass net jiddereen e Sproochegenie", seet de Fred Keup.

Déi lescht zwou Episode vun der KannaNiuuss Emissioun "Kleng freet Grouss" dëse Sonndeg um 9h an owes um 18h45 op der Télé. Oder et kann een am RTL Play alleguerten d'Folgen nokucken.

Eis Kannerreporter stelle sech vir!

Lionel Ribeiro, 12 Joer

Hallo, ech sinn de Lionel, meng Frënn nenne mech och Lio. Am léifste spillen ech a menger Fräizäit Fussball, këmmere mech ëm mäin Hond a reesen och richteg gären. Spéider géif ech gären eng Kéier Profi-Fussballer ginn oder Journalist.

Mäi Motto: Ni opginn, ëmmer dru gleewen.

Julie Ludwig, 12 Joer

Ech sinn d’Julie an a menger Fräizäit liesen an turnen ech gären. Wat ech net gären hunn, ass wa Leit onéierlech sinn. Wann ech mir Superkräften eraussiche kéint, da géif ech mech am léifsten onsiichtbar maachen. Mäin Dramberuff wär et, Historikerin ze ginn.

Mäi Motto: Stief mat Erënnerungen, net mat Dreem!

Ivan Caramuta, 13 Joer

Moien, ech sinn den Ivan an a menger Fräizäit spillen ech gäre Fussball. Wat ech net esou gären hunn, ass botzen! Wann ech ee Superheld wär, da kéint ech fléien a mäi grousse Wonsch ass et, eng Kéier eng Schräinerei opzemaachen. Wann ech grouss sinn, ginn ech gären eng Kéier Schräiner.

Mäi Motto: Ni opginn!

Charel Schiltz, 13 Joer

Hallo, ech sinn de Charel oder wéi ech och heiansdo genannt ginn: de Charel vun Arel. Ech interviewen a menger Fräizäit Museker an interesséiere mech allgemeng fir Musek a Radio maachen. Mäi gréisste Wonsch wär et, och e richteg gudde Mikro ze besëtzen. Spéiderhi wär ech gären e Radiosmoderator oder géif soss eppes am Beräich Medie maachen.

Mäi Motto: Kuck, dass de eens gëss.

Maxime Entringer, 12 Joer

Moien, ech sinn de Maxime “Maxu” Entringer a meng Hobbye si Fussball a Musek. Mäi gréisste Wonsch wär et, eng Kéier e Fussballstar ze ginn. Mee op ech spéider Schauspiller, Journalist oder awer vläicht Polizist wëll ginn, weess ech nach net.

Mäi Motto: Wann et der gutt geet, da gëff ëmmer 100 Prozent.

Lou Beltramini, 12 Joer

Hallo, ech sinn d’Lou Beltramini. Meng Frënn nenne mech Loup-Garou oder Louchen. Meng Hobbye sinn Tennis spillen, danzen, liesen an zeechnen. Besonnesch gär hunn ech Schnéi, gutt Wieder a Musek. Wann et awer ze waarm ass, hunn ech dat guer net gär, esou wéi och Leit, deenen een net traue kann.

Mäi Motto: Vertrau kengem. / Morgen ist auch noch ein Tag.

Giusi Carenza, 13 Joer

Ech sinn d’Giusi! Mäin Hobby ass Reiden a wat ech guer net gär hunn, ass wa Leit agebilt sinn. Wann ech mir eng Superkraaft kéint aussichen, wéilt ech gäre Gedanke liesen. A mäi gréisste Wonsch wier et, nach emol an engem Film matzespillen. Spéider wéilt ech gäre Schauspillerin sinn, oder eng Firma grënnen.

Mäi Motto: Wéi een an de Bësch rifft esou schaalt et zeréck.

Zoé Valente, 13 Joer

Moien, mäin Numm ass Zoé Valente. Meng Hobbye si Japanesch léieren, Videospiller spillen an zeechnen. Ausserdeem këmmeren ech mech gär ëm meng Hënn. Mangaen, Tarte Flambée an Dokuen hunn ech besonnesch gär. Spannen awer guer net! A mengem Dramberuff wëll ech eng Kéier eppes mat Geschicht oder Mythologie maachen, ganz genee weess ech dat nach net, mee an deem Genre.

Mäi Motto: Am Liewen ass et wichteg, dass een sech duerchsetzt an net direkt opgëtt. D’Liewen ass e Kampf, et muss ee kämpfe fir weiderzekommen.

Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht

LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen