Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

+0,75 Prozentpunkten: US-Zentralbank setzt Leetzëns eng weider Kéier an d'Luucht

RTL

© AFP

Aktuell läit de Leetzëns an den USA bei iwwer 3 Prozent an e kéint nach bis Enn 2022 bis op 4,4 Prozent klammen, esou d'Prognose vun der Fed.

D'Finanzmäert hunn domadder gerechent, datt déi amerikanesch Zentralbank de Leetzëns nach emol e gudde Krack an d'Luucht setze wäert. E klëmmt ëm 0,75 Prozentpunkten a läit dann tëschent 3 an 3,25 Prozent. Et ass schonn déi drëtten Hausse, zanter Mäerz, wéi sech d'FED decidéiert huet, vum 0-Prozent-Zënssaz ewechzekommen.

D'Federal Reserve wëll duerch déi méi héich Zënsen d'Inflatioun an de Grëff kréien. Déi läit den Ament an den USA bei 8,3 Prozent an domadder nach wäit ewech vun den 2 Prozent, déi d'FED viséiert.