Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

2 Joer no éischten Perquisitiounen: Wackelt d'LSAP-Héichbuerg Wolz?

Den 3. Februar 2021 huet d'Police judiciaire ënnert anerem d'Gemeng duerchsicht, zanterhier lafen Ermëttlungen. Wat ass den Impakt op de Walkampf?

Den 3. Februar 2021 koum et zu Wolz zu engem net alldeeglechen Tëschefall fir Lëtzebuerg: Esouwuel bei Privatpersounen, enger Baufirma wéi op der Gemeng hat d'Police judiciaire Raimlechkeeten duerchsicht. Et stoung a steet nämlech de Verdacht am Raum, datt de Buergermeeschter Fränk Arndt, eng Baufirma souwéi ee Promoteur an eng Affär ronderëm zwou illegal Bauschuttdeponie verwéckelt solle sinn.

Ronn ee Joer méi spéit, den 9. Februar 2022 koum et nees zu Perquisitiounen op der Gemeng, beim CIGR Wolz, bei engem Promoteur an enger Privatpersoun. Dat am Kader vun Ermëttlungen wéinst dem Ëmbau vun engem Vakanzechalet an der Gemeng Géisdref, deen dem Wëlzer Buergermeeschter gehéiert.

Den 12. Februar 2022 huet de Parquet vun Dikrech wësse gedoen, datt a béide Fäll "informations judiciaires supplémentaires" opgemaach goufen. Am éischten Dossier géint de Fränk Arndt, ee Promoteur, eng Baufirma an Onbekannt wéinst "prise illégale d'intérêts, corruption sinon trafic d'influence", am zweeten Dossier géint de Fränk Arndt an Onbekannt wéinst "prise illégale d'intérêts et d'infraction à la loi du 19 janvier 2004 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles, respectivement à la loi du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles".

Bei der DP weist ee sech iwwerrascht

Zwee Joer no deenen éischte Perquisitiounen ass nach ëmmer net gewosst, wéini den Dossier ofgeschloss wäert ginn. Op Nofro hin heescht et vum Parquet, datt ee weider doru schafft an den Untersuchungsriichter sech déi néideg Zäit huele wäert. Obwuel d'Affär also weiderhin iwwert der Wëlzer Gemengepolitik hänkt, huet de Fränk Arndt, deen zanter 2009 Buergermeeschter ass, rezent annoncéiert bei de Gemengewalen den 11. Juni als Spëtzekandidat fir d'LSAP mat an d'Course ze goen. Hien hat op RTL-Nofro hin erkläert, datt e sech kenger Schold bewosst wier an hie sech an deem Dossier net dreiwe loosse géing.

D'Annonce, datt hien nach eng Kéier mat an d'Wale geet, koum e bëssi iwwerraschend, well och wann de Fränk Arndt selwer ni ëffentlech gesot huet, datt hie sech aus der Politik zeréckzéie géing, war dat Gerücht awer zirkuléiert.  Sou hat beispillsweis den DP-Conseiller Jean Jacquemart am Februar d'lescht Joer dem "Lëtzebuerger Wort" gesot, datt déi ganz Diskussioun e bëssi iwwerflësseg wier, well den aktuelle Buergermeeschter 2023 wuel souwisou net méi untriede géing. Dat Argument ass also elo net méi gülteg an et stellt sech d'Fro wéi déi aner Parteie mat der Situatioun am Walkampf ëmgoe wäerten.

Nieft der LSAP huet och d'CSV schonn hir Lëscht presentéiert. Ënnert den 13 Kandidate sinn déi dräi aktuell Conseilleren an zwee Schäffen Patrick Comes an Albert Waaijenberg. Op d'Fro wéi seng Partei, déi aktuell an enger Koalitioun mat der LSAP ass, domat ëmgeet, datt de Fränk Arndt nach eng Kéier untrëtt, erkläert de Patrick Comes, datt ee sech raushale wéilt an d'Justiz hir Aarbecht maache léisst. Zu Wolz géinge grouss Projeten ustoen an d'Dagesgeschäfter an der Gemeng misste weiderlafen. Ob d'Persoun Fränk Arndt ee Grond kéint sinn, datt ee sech als CSV no de Wale fir eng Koalitioun mat der DP decidéiere kéint, ass et d'Äntwert, datt wéi no de Walen 2017 de Wielerwëlle respektéiert wäert ginn. Generell weist de Patrick Comes wéineg Versteesdemech derfir, datt vun der Press Nofroen zur Thematik gestallt ginn. Hie stéiert sech dorun, datt Wolz doduerch an ee schlecht Liicht geréckelt géif. Grad an RTL-Reportage wier d'Stad an den Ardennen an der Lescht nawell dacks schlecht wechkomm.

Kee Problem mat Nofroen huet een iwwerdeems bei der Wëlzer DP. Déi Liberal hunn zwar nach keng Lëscht presentéiert, wäerten dat awer sécher maachen. Warscheinlech wäert dat Mëtt Mäerz de Fall sinn. Ob si de Wieler ee Spëtzekandidat presentéieren, ass net entscheet. Sollt et dozou kommen, dierft den Amel Cosic Favorit op de Poste sinn, hie sëtzt aktuell zesumme mam Jean Jacquemart, deen net méi untrëtt, fir déi Liberal am Gemengerot an ass och President vun der DP-Sektioun Wolz. Hie wier "iwwerrascht" gewiescht wéi en héieren hätt, datt de Fränk Arndt nach eng Kéier mat an d'Wale geet. Ma fir de Rescht wëllt den Amel Cosic sech net ze wäit aus der Fënster leeën. D'Justiz géing um Dossier schaffen an et misste wuel vill Dokumenter duerchgekuckt ginn. Als DP wéilt een am Walkampf no sech selwer kucken. Um Ënn missten d'Wieler sech hiert eegent Bild maachen.

Keng Lëscht vun deene Gréngen

Déi Gréng wäerten héchstwarscheinlech net zu Wolz untrieden. "Wa mat de potenzielle Kandidat*innen net nach ee Wonner geschitt, da wäert et net méiglech sinn eng Lëscht ze presentéieren, leider", esou déi gréng Deputéiert Stephanie Empain, déi zu Ierpeldeng bei Wolz wunnt, op Nofro hin. Well just dräi Parteien untrieden an CSV an DP am Virfeld anscheinend keng Zesummenaarbecht ëm all Präis no de Walen ustriewen, stinn d'Chance fir d'LSAP an der laangjäreger sozialistescher Héichbuerg och nom 11. Juni de Buergermeeschter ze stelle guer net esou schlecht. Et bleift ofzewaarden, wéi d'Bierger de Fait bewäerten, datt géint de Buergermeeschter enquêtéiert gëtt an ob d'Justiz net awer nach virun de Wale kommunizéiert. Bis dohi gëllt wéi an alle Fäll d'Présemption d'innocence.