Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

A ganz Däitschland: Grousse Streik fir kommende Méindeg ugekënnegt

D'Gewerkschaft Verdi an d'Eisebunns- a Verkéiersgewerkschaft EVG wëllen e Méindeg mat engem Streik de Verkéier an Däitschland gréisstendeels paralyséieren.

Betraff sinn de Fern-, Regional- an Noverkéier, souwéi Fluchhäfen an d'Autobunnsgesellschaft.

D'EVG huet erkläert, si géif déi ronn 230.000 Beschäftegt vun allen Eisebunn- a Verkéiersentreprisen, an deenen aktuell verhandelt gëtt, de 27. Mäerz zu engem Bundeswäite Warnstreik opruffen. D'Aarbecht soll méindes um Punkt 0 Auer néiergeluecht ginn.

Verdi huet ugekënnegt, dass ënnert anerem op Fluchhäfen an an ëffentlechen Ariichtungen an direkt e puer Bundeslänner soll gestreikt ginn. 120.000 Employéeë géifen an den Aarbechtskampf geruff ginn, sot de Gewerkschaftsleader Frank Werneke. Si rechne mat enger grousser Bedeelegung.

Dat wäert selbstverständlech och Auswierkungen op den Trafic zu Lëtzebuerg hunn.