Dat ass de provisoresche Bilan, nodeems et an der Nuecht op e Méindeg e puer Äerdbiewen am Süd-Oste vun der Tierkei gouf.
Den Epizenter vum stäerkste Biewen, dat mat 7,9 Punkten op der Richterskala gemooss gouf, louch no bei der Stad Gaziantep. An där Regioun wier de Schued och am Gréissten. An der Tierkei sinn engem leschte Bilan no op d'mannst 76 Leit gestuerwen.
Den tierkeschen Inneminister Soylu huet confirméiert, dass Rettungsekippen aus dem ganze Land an déi betraffe Géigende wäerte geschéckt ginn.
De Bilan dierft weider klammen, well op Biller ze gesinn ass, dass vill Gebaier an de Koup gefall sinn.
Och den Nord-Westen vu Syrien wier betraff. Och hei si Gebaier zerstéiert, an et gi Leit vermësst. Hei ass bis ewell och scho vun iwwer 110 Doudege rieds.