Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Affer kruten 380.000 Euro ofgeholl: Parquet freet siwe Joer feste Prisong géint Ugekloten

Den Affekot vun der Defense fënnt déi vum Parquet gefuerdert Strof ze héich. E Méinde wäert hie säi Plaidoyer fäerdeg maachen.

Am Prozess wéinst Abus de faiblesse géint eng 42 Joer al Fra huet de Parquet en Donneschdeg siwe Joer feste Prisong ouni Sursis an eng Geldstrof gefrot. De Parquet wërft hir fir, tëscht 2014 an 2021 enger 10 Persoune ronn 380.000 Euro ofgeknäppt ze hunn.

Dat wier eng "konservativ Rechnung", sou de Vertrieder vum Parquet en Donneschdeg de Moien. Donieft kritt si virgeheit, Bijouen an aner Wäertsaache geklaut ze hunn. Bei verschiddene vun hiren Affer huet si zäitweis gewunnt, eleng oder mat verschiddene vun hiren aacht Kanner. E puer vun den Affer, dat ware virun allem eeler Männer, si zanterhier gestuerwen.

D'Ugekloten huet de Gros vun de Faiten zouginn, ass sech awer am Detail net méi ëmmer sécher gewiescht, wat si vu wiem kritt huet, oder wat si wiem gezielt hat. Si hat uganks der Woch gesot, si hätt Sue gebraucht, fir hir Kanner, fir hinnen z’iessen ze kafen an d’Famill ze logéieren. Ausserdeem hätt hire Mann Drock op si gemaach, fir Geld ze beschafen.

Dat wollt de Vertrieder vum Parquet awer net gëlle loossen. Si hätt Kannergeld kritt an zäitweis de Revis bezunn. Hir Situatioun wier also net esou prekär gewiescht, wéi d’Ugekloten dat géing duerstellen. D’Kanner wieren och net reegelméisseg scolariséiert gewiescht, sou datt si net sou vill fir d’Kanner gemaach hätt. Hire Mann wier just um Bord vun der Affär opgetaucht, woubäi all Affer d’Fra selwer identifizéiert hätten.

Den Affekot vun der Defense fënnt déi vum Parquet gefuerdert Strof ze héich. E Méinde mécht hie säi Plaidoyer fäerdeg.