Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Alarmant Zuelen: All 4 Sekonne stierft op der Welt eng Persoun un Honger

Estimatioune vun 200 ONGen hunn no stierft all 4 Sekonnen e Mënsch un Honger. D'Staats- a Regierungscheffe missten deemno direkt reagéieren.

Déi gemengnëtzeg Organisatioune fuerderen d'Staats- a Regierungscheffen, déi den Ament bei de Vereenten Natiounen zu New York zesumme sinn, dozou op, aktiv ze ginn an déi weltwäit Hongerkris ze bekämpfen an ze stoppen. An engem oppene Bréif hunn d'ONGen aus 75 verschiddene Länner dorobber opmierksam gemaach, datt sech d'Zuel vu Mënschen, déi akut Honger leiden, zanter 2019 op elo 345 Millioune verduebelt huet.

Virun allem an Afrika souwéi a Südasien wier d'Situatioun kritesch. Am Uergste vun der Hongerkris ass nach ëmmer de Somalia betraff. Hei läit de Welthonger-Index, deen de Prozentsaz vun den Ënnerernierten an engem Land mat deene vun der ganzer Welt vergläicht, bei iwwert 50. Schlëmm ass d'Situatioun iwwerdeems och an der Zentralafrikanescher Republik, am Tschad, am Kongo, zu Madagaskar an am Jemen. Mä och am Burundi, op de Komoren, am Südsudan an a Syrien huet sech d'Situatioun massiv verschlechtert.

Länner wéi de Pakistan, déi den Ament vu schroen Naturkatastrophe betraff sinn, géifen doriwwer eraus och riskéieren, d'Lutte géint den Honger op laang Siicht ze verléieren.