Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Alkoholkontrollen: 442 Automobiliste goufe kontrolléiert, 4 Permise waren op der Plaz fort

Op Uerder vum Parquet goufen um Freideg an an der Nuecht op e Samschdeg eng Partie Alkoholkontrolle gemaach.

An der Nuecht op e Samschdeg goufen op der N11 zu Grolënster tëscht 23 an 1 Auer 319 Automobiliste kontrolléiert. 6 Mol war den Alkoholtest positiv, zwee Permise waren op der Plaz fort.

E Freideg tëscht 23 Auer an Hallefnuecht sinn an der Stad um Boulevard Joseph II - Place Winston Churchill 77 Chauffere kontrolléiert ginn. 3 Alkoholtester ware positiv, 1 Mol war de Permis direkt fort.

Tëscht 1 an 2 Auer an der Nuecht op e Samschdeg waren et dann op der N11 an der Route d'Echternach 33 weider Automobilisten, déi an d'Kontroll gerode sinn. 2 Tester ware positiv, ee Permis gouf agezunn.

An der Rue de Neudorf goufen tëscht 3 a 4 Auer e Samschdeg nach 13 Chauffere kontrolléiert. D'Tester waren all negativ.