Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am Garer Quartier: No Ausernanersetzung tëscht 2 Persounen huet eng vun hinne mussen operéiert ginn

E Sonndeg den Owend géint 23 Auer huet eng Policepatrull an der Stroossbuerger Strooss zwou Persounen ugetraff, déi hefteg unenee gerode waren.

Béid Männer ware voller Blutt an hate Wonnen, déi wuel duerch e spatze Géigestand zustane koumen. Et gouf direkt Verstäerkung ugefrot, grad ewéi zwou Ambulanzen.

Kuerz drop huet ee Bedeelegte mussen immobiliséiert ginn an e krut Handschellen ugedoen, nodeems en e klengt Messer ewechgeheit huet. De Mann koum fir eng medezinesch Kontroll an d'Spidol, fir duerno weider um Policebüro befrot ze ginn.

Den anere Mann gouf nach op der Plaz vun engem Dokter medezinesch behandelt, éier en am Spidol huet mussen operéiert ginn. Dësen hat sech ufanks hefteg gewiert, éier d'medezinescht Personal sech iwwerhaapt ëm hie konnt këmmeren.

Bei der weiderer Enquête op der Plaz, goufen am Aganksberäich vun engem Appartementshaus e sëllege Bluttspuere fonnt. D'Spueresécherung vun der Police huet sech dësen ugeholl.

Op Uerder vum Parquet gouf eng Plainte géint béid Männer gemaach, dëst bis dass weider Resultater aus der Enquête ervirginn.