Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An den nächste Wochen: Amazon wäert 9.000 weider Plaze suppriméieren

RTL

© AFP Archivbild

Wéi den Amazon-CEO Andy Jassy matgedeelt huet, ginn an den nächste Woche bal 10.000 Posten ofgeschaaft.

D'Sträichunge géife virun allem Marketing, AWS, PXT an d'Plattform "Twitch" betreffen. "Et war eng schwéier Decisioun, mee eng déi mir denken datt se op laang Vue am beschte fir de Betrib ass", huet et e Méindeg an engem Message un d'Mataarbechter geheescht.

Eréischt am Januar hat den Onlinehändler Amazon annoncéiert, eng 18.000 Poste weltwäit ze suppriméieren. D'Annonce vun e Méindeg, nach emol eng 9.000 Jobs ze sträichen, hieft deen Total dann elo op 27.000.

Zu Lëtzebuerg gehéiert Amazon mat enge 4.000 Salariéen zu deene fënneftgréissten Employeuren am Land.