Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An der Belsch: Atomreakter "Tihange 2" gëtt en Dënschdeg endgülteg vum Netz geholl

RTL

An der Belsch ginn et geschwënn nëmmen nach fënnef Atom-Reakteren.

En Dënschdeg den Owend gëtt den ëmstriddene Reakter Tihange 2 bei Léck no 40 Joer ausgeschalt. Dem Operateur Engie no hätt d'Zentral an där Zäit 270 Milliarde Kilowattstonne Stroum produzéiert.

Experten haten 2012 Dausende kleng Rëss am Reakter fonnt. U sech wollt d'Belsch bis 2025 komplett aus der Atomenergie erausklammen, ma wéinst dem Ukrain-Krich an där doduerch ausgeléister Energiekris bleiwen déi zwee jéngste Reakteren elo 10 Joer méi laang um Netz. Dorënner ass en anere Reakter vun der Zentral zu Tihange.