Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An der Chamber: Petitioun fir Elteregeld gëtt debattéiert

RTL

© AFP Archiv

En Donneschdeg de Moie gëtt an der Chamber iwwert d'Fuerderung vun engem Elteregeld diskutéiert. D'Thema ass alles anescht wéi nei...

Et ass e Sujet, deen d'Leit ze beweege schéngt: Bannent kuerzer Zäit hat d'Petitioun iwwer 5.000 Ënnerschrëften an d'lescht Joer gouf schonn iwwert eng änlech Petitioun am Parlament diskutéiert.

D'Famille solle selwer entscheeden, wéi hir Kanner versuergt an erzu solle ginn. D'Famille sollen de Choix hunn an en Elteregeld bezuelt kréien, wa se hiert Kand net an eng Crèche oder Maison relais ginn, fuerdert d'Petitioun 2512.