Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

An der ganzer EU: An 10 Joer si 6.000 Kanner am Stroosseverkéier ëm d'Liewe komm

De Rot fir Transportsécherheet gëtt dann och Recommandatioune fir d'EU-Länner, wéi een d'Sécherheet verbessere kann.

An de leschten 10 Joer sinn op den europäesche Stroosse méi wéi 6.000 Kanner ënner 14 Joer ëm d'Liewe komm. Dat geet aus enger Etüd vum europäesche Rot fir Transportsécherheet ervir, an där eng 40 Recommandatioune fir national Regierungen an d'EU formuléiert goufen.

Virop solle sécher Vëlos- a Schoulweeër geschaaft ginn. Nëmme 7 Länner an der EU hätten eng obligatoresch Vitesslimitatioun viru Schoulen.

A Bal der Hallschent vun de Fäll, an deenen e Kand op der Strooss ëm d'Liewe komm ass, souzen d'Kanner am Auto. Deemno wier et och esou wichteg, dass Kanner am Auto an engem ugepasste Kannersëtz ugestréckt sinn. Lëtzebuerg huet am europäesche Verglach mat déi wéinegst Doudesfäll am Stroosseverkéier bei Kanner. De Grand-Duché läit op der 5. Plaz. Rumänien huet zejoert bal 10 Mol esou vill doudeg Kanner op de Stroosse verzeechent.