Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Avis vun der CSL zum Staatsbudget: En Aktiounsplang géint Ongläichheete gefuerdert

Duerch de Budget 2023 géingen d’Inegalitéiten am Land weider an d'Luucht goen, seet den Direkter vun der Chambre des Salariés (CSL), de Sylvain Hoffmann.

Am meeschte kritiséiert gëtt de Punkt, dass nees eng Kéier keng Steierreform géing gemaach ginn. Op d’mannst punktuell Upassunge wiere méiglech gewiescht, sou d'Aschätzung.

D'Fuerderung vun der CSL ass, dass an der Steiertabell déi ënnescht Tranchë musse steiererliichtert ginn an uewe méi Tranche bäi kommen. Och d'Verdeelung vun der Besteierungslaascht tëscht Aarbecht a Kapital misst ugepasst ginn, betount d'Presidentin vun der CSL, d'Nora Back.

D'Regierung géing behaapte keng Steieren ze erhiewen. Ma duerch déi kal Progressioun, also eng net Upassung vum Steierbarem un d'Inflatioun, géingen d'Recettë fir de Staat permanent an d'Luucht goen. Dat kéim dofir enger Steiererhéijung gläich, betount den Direkter. D'CSL rechent vir, dass bei enger Indextranche vun 2,5 Prozent beim Brutto-Salaire just géingen 1,75 Prozent Netto bei Persoune mat engem duerchschnëttlechen Akommes ukommen.

Et wier ee sech am Kloren, dass een de Moment, geopolitesch gesinn, a schwéieren Zäite wier mam Krich an der Ukrain. Mee déi lescht Joren hätte bewisen, dass d'Previsioune ëmmer méi schlecht waren, wéi d'Situatioun sech um Enn erausgestallt hätt. Déi ekonomesch Situatioun wier och dës Kéier guer net esou schlecht, wéi vun der Regierung duergestallt. Un enger maximaler Staatsverscholdung vun 30 Prozent soll net dogmatesch festgehale ginn, fënnt d'CSL.

D'Mesuren, déi an der Tripartite, mam Solidaritéitspakt, geholl goufen, gi begréisst, ma se géingen net wäit genuch. Hei wënscht ee sech ënner anerem eng Opwäertung vum Kannergeld, eng Indexéierung vun der Allocation de vie chère an eng Erhéijung vun der Mindestrent, fir just e puer Punkten ze nennen.