Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Awunnerin, eng Persoun an ee Pompjeeë blesséiert: Gréissert Feier an der Rue CM Spoo zu Esch

Déi éischt Leit hunn de Brand tëscht 7 a 7.30 Auer bei der Police gemellt.

Gebrannt huet et an engem eeleren ugebauten Haus. Eng eeler Fra vun ëm déi 80 Joer, déi do gewunnt huet, ass vun de Leit op der Plaz erausgedroe ginn. Si koum schwéier blesséiert an d'Spidol. Éischten Informatiounen no waren och zwee Pompjeeë verwonnt ginn, wéi sech awer kuerz drop erausgestallt huet, war et ee Pompjee an eng weider Persoun. Dat huet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo confirméiert.

Weider sot hien, datt ronn eng Dose Leit misste relogéiert ginn, well de Materialschued héich an d'Haus komplett ofgebrannt wier. A priori géife si elo emol an en Hotel kommen. Nieft den Awunner vum betraffene Gebai hunn och d'Leit, déi an den Nopeschhaiser wunnen, missten evakuéiert ginn.

D'Stroossen an der Géigend hu wéinst dem Pompjeesasaz misse gespaart ginn. Op Biller an de soziale Medie waren héich Flamen um éischte Stack an eng staark Dampentwécklung ze gesinn.

Iwwert d'Brandursaach ass zu dësem Ament nach näischt gewosst.